Kierch Kréindel

kathoulesch Kierch


D'Kierch zu Kréindel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

Kierch vu Kréindel
Filialkierch vu Kréindel (2014)

Filialkierch vu Kréindel (2014)
Filialkierch vu Kréindel (2014)
Uertschaft / Plaz Kréindel
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Blasius
Baujoer 1745
Koordinaten 50° 03’ 26.1’’ N
      05° 53’ 52.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss, dem CR332. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

De Chronogramm änneren

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1745 duerstellt:

LAUDETUR JESUS
CHRISTUS EXALTETUR
PARITER VIRGO MARIA

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Tratten, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Tratten huet ausser der Filialkierch vu Kréindel och nach d'Parkierch vun Tratten an d'Kapell vun der Trätter Strooss gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Kréindel – Biller, Videoen oder Audiodateien