Kierch Tratten
D'Kierch zu Tratten ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Tratten (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Tratten | |||
Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Sylvester | |||
Koordinaten | 50° 03’ 48.2’’ N 05° 52’ 52.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sylvester, deem säi Fest den 31. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op engem dräieckegen Terrain dee vu Stroossen (ouni Numm) ëmginn ass. Ronderëm d'Kierch stinn nach Grafsténg vum ale Kierfecht. Deen neie Kierfecht ass op den CR333 a Richtung Houfelt um Enn vum Duerf verluecht ginn. Ronn 50 m nërdlech vun der Kierch ass eng Lourdes-Grott.
Den Haaptaltor, d'Niewenelteren an d'Kommuniounsbänk vun der Trattener Kierch goufen den 11. August 1936 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen.[1]
Geschicht änneren
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Tratten, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Tratten huet ausser der Kierch vun Tratten och nach d'Filialkierch vu Kréindel an d'Kapell vun der Trätter Strooss gehéiert.
Biller änneren
-
Ostsäit vun der Trattener Kierch
-
Lourdes-Grott zu Tratten
-
D'Altär, als national Kulturierfschaft klasséiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Tratten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).