Haupeschkierch zu Kauneref

kathoulesch Kierch
(Virugeleet vu(n) Kierch Kauneref)

D'Kierch zu Kauneref ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Stauséigemeng gehéiert.

Kierch vu Kauneref
Filialkierch vu Kauneref (2014)

Filialkierch vu Kauneref (2014)
Filialkierch vu Kauneref (2014)
Uertschaft / Plaz Kauneref
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Baujoer 1750
Koordinaten 49° 55’ 14.4’’ N
      05° 54’ 03.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Strooss An der Lee. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht

änneren

Déi haiteg Kierch staamt aus dem Joer 1750, dat uewen op der Westsäit vum Tuerm mat Ankerkreep uginn ass. Virdru gouf et schonn eng Parkierch, déi awer zirka 1 km ëstlech vum Duerf op der Gewan stoung (49° 55’ 16.7’’ N 05° 54’ 49.8’’ O), déi dofir haut nach den Numm Al Kiirch dréit. Op där Plaz ass haut näischt méi vun der aler Kierch ze gesinn, et erënnert nëmmen nach eng kleng Kapell un d'Kierch an e Gedenksteen un déi Leit aus der Par, déi um Kierfecht ronderëm bis 1750 begruewe goufen. Duerch Dokumenter ass awer gewosst, datt am Joer 1615 Reparaturen um Kiercheschëff gemaach goufen. Tëscht 1680 a 1700 goufe Reparaturen um Chouer an um Tuerm gemaach a 1725 Reparaturen um Daach.

Wéi aus Dokumenter vu 1721 ervirgeet gouf et zu Kauneref selwer awer och nach eng Kapell, un déi op Wonsch vum Paschtouer Huberti eng Sakristei sollt ugebaut gi fir d'Ornamenter vun der Parkierch besser kënnen ze versuergen. Am Joer 1729 huet de Paschtouer Huberti scho probéiert, fir en Neibau vun der Parkierch am Duerf ze erreechen, koum domat awer net duerch. 1735 krut déi al Parkierch nach en neien Altor, dee vum Konschtschräiner Jean-Georges Scholtus vu Baaschtnech geliwwert gouf. Dësen Altor gouf no dem Neibau 1750 an déi nei Kierch iwwerholl. Als eenzege baulechen Iwwerrescht vun der aler Kierch ass an der Südsäit vun der neier Kierch eng stenge Sakramentsnisch mat engem gotesche Bou erhalen, déi als Dafnisch ëmfunktionéiert gouf.

1749 koum et ënner dem Paschtouer Vietor zu enger Decisioun fir eng nei Kierch mat engem Kierfecht op engem Terrain am Duerf ze bauen. D'Kierch gouf de 27. Juni 1769 vum Weihbëschof vu Léck, dem Karl-Alexander vun Arberg a Vallengin konsekréiert. Gréisser Ëmbaute goufen un der Kierch kengt gemaach , awer eng Rei méi kleng Renovatiounen an Erneierungen. 1895 goufe Kierchebänken ugeschaaft, 1896 d'Sakristei ugebaut, 1904 en Duxall iwwer de Beichtstill am Agank vum Schëff gebaut, 1922 d'Säitenaltär vum Sculpteur J. Peters renovéiert, 1925 de Chouer mat Zeene vum Hubertus a Pirminus ausgemoolt an 1945 d'Fassad erneiert.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Kauneref och d'Parkierch vun der Par Kauneref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Kauneref huet ausser der Parkierch vu Kauneref och nach d'Pirminuskapell vu Kauneref an d'Kierch vu Bidscht gehéiert.

D'Paschtéier vu Kauneref

änneren
  • 1580 - 1591: Joannes Lulling (oder Lüllingen) vu Lëllgen
  • 1592 - 1640: Peter Clemens vu Crendal (och Peter Crendal), warscheinlech vu Kréindel
  • 1640 - 1658: Hubert(us) Thomé (oder Thomae) vu Wolz
  • 1658 - 1673: Peter-Georg Frassel vun Helzen
  • 1673 - 1678: Petrus Lorens (oder Lorentz) vu Wolz
  • 1678 - 1704: Nicolaus Serva(i)s (oder Sirwas) vu Wolz
  • 1705 - 1738: Joannes-Fridericus Huberti vu Wolz
  • 1738 - 1763: Petrus Vietor (oder Victor) vu Wolz
  • 1763 - 1787: Joannes-Baptista Geymer vu Garnech
  • 1787 - 1793: Michael Schaack vun Nidderwolz
  • 1793 - 1806: Johann-Baptist Greyn vu Méchelbuch
  • 1806 - 1825: Michel Bartholom(e)y (oder Barthelemy) vu Kauneref
  • 1825 - 1826: Johann-Baptist Schartz vun Nidderwolz
  • 1827 - 1843: Nikolaus Euwers (oder Euvers) vu Boukels (bei Géisdref)
  • 1843 - 1852: Nikolaus Lenertz vu Reiler
  • 1852 - 1865: (Johann-)Heinrich Neumann vu Biwesch
  • 1866 - 1868: Johann Heinrich Winandy vu Welschent
  • 1868 - 1884: Mathias Daman vu Miezeg (Messancy)
  • 1884 - 1889: Mathias Weiler vu Closdellt
  • 1890 - 1900: Théodore Meyers vu Bäerdref
  • 1900 - 1905: Philippe Schmit(t) vun Hemstel
  • 1905 - 1914: August Win(c)kel vu Peppeng
  • 1914 - 1925: Jean-Pierre Weisgerber vun Esch-Uelzecht
  • 1925 - 1936: Franz Thill vu Munzen
  • 1936 - 1943: Marcel Wantz vu Veianen
  • 1943 - 1949: Jean-Pierre Kirsch vun Esch-Uelzecht
  • 1949 - 1964: Alphonse Wolzfeld vun Iechternach
  • 1964 - 1971: Johann Bichler vu Péiteng
  • 1971 - 1976: Pierre Ries vun Diddeleng
  • 1976 - 1980: Alexis Hoffmann vun Iechternach (Paschtouer zu Ënsber a Parverwalter vu Kauneref)
  • 1980 - 1983: Nicolas Rausch vu Beetebuerg (Paschtouer zu Wolz a Parverwalter vu Kauneref)
  • 1983 - 1994: Marcel Pündel vun Iechternach (Kaploun, spéider Paschtouer zu Wolz a Parverwalter vu Kauneref)
  • 1994 - 1997: Pierre Faber vu Bouneweg (Parverwalter, zanter 1994 ass Kauneref am Parverband Wooltz)
  • 1997 - ?: Paul Muller vu Réiden op der Atert
  • ? - : Marco Wehles

Klacken

änneren

Well d'Kiercheklacke wärend der Zäit vun der franséischer Revolutioun confisquéiert an ageschmolt goufen, krut d'Kierch 1873 ënner dem Paschtouer Mathias Daman dräi nei Klacken, déi vun der belscher Klackegéisserei Causard vun Tellin gegoss goufen.

  • d'Klack Maria, 97 cm Ø, 81 cm héich, 500 kg
  • d'Klack Hubertus, 86 cm Ø, 71 cm héich, 350 kg
  • d'Klack Joseph, 77 cm Ø, 67 cm héich, 250 kg

Allen dräi Klacken hunn e Chronogramm, dat d'Joreszuel 1873 ergëtt.

D'Uergel

änneren

D'Kierch krut 1991 eng nei elektronesch Uergel vun der Mark Ahlborn, déi de 27. Abrëll geseent gouf. Virdrun ass en Harmonium benotzt ginn, deen an den 1960er Joren ugeschaaft gouf.

Literatur

änneren
  • Organisationskomitee Kaunerëfer Kiirch 1750-2000: 250 Joër Poorkiirch am Duerf: Cauchendorff -> Kaunerëf, 2001, Impr. Centrale, 464 S., ISBN 2-919884-52-2

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Haupeschkierch zu Kauneref – Biller, Videoen oder Audiodateien