De Paulus vun Tarsus (griichesch Παῦλος) war en Apostel aus dem Neien Testament an ee besonnesch wichtege Missionnaire vum fréie Chrëschtentum. Wéinst senge Bekéierungsmissiounen am Osten a senge laange Reesen, déi en dowéinst ënnerholl huet, gëtt en och nach Volleksapostel genannt.

Klassesch Duerstellung (1390)
Phantombild-Rekonstruktioun vum méigleche Gesiicht

Vum Paulus fënnt ee véierzéng Bréiwer an der Bibel am Neien Testament. Si sinn u verschidde Vëlker geriicht, dorënner d'Réimer, d'Epheser, d'Galater, d'Thessaloniker an d'Korinther.

Den hellege Paulus ass de Patréiner vun den Theologen, de Séilsuerger, géint d'Angscht, Krämp an Ouerekrankheeten.  

Liewen an Hellegelegend änneren

De Paulus, deem säi Gebuertsjoer net bekannt ass, gouf zu Tarsus an der réimescher Provënz Kilikien gebuer. Dowéinst hat hien och dat réimescht Biergerrecht. Säi jiddeschen Numm ass Saulus oder Sha'ul, säin Numm als réimesche Bierger Paulus. Als Beruff huet e Wiewer geléiert. Anscheinend konnt e Griichesch, Hebräesch an och Aramäesch schwätzen.

Als jonke Mënsch ass en op Jerusalem gaangen, fir ze studéieren. Ausserdeem war en e Pharisäer. Hien huet och an den éischte Chrëschteverfollegungen eng Roll gespillt, hien huet als iwwerzeegte Judd d'Chrëschte fir geféierlech gehalen. Bei enger Rees op Damaskus, wou en och Chrëschte sollt verfollegen, krut hien eng Visioun vum Operstanene Christus. Doropshin ass e vu sengem Päerd gefall a blann ginn. Wéi en zu Damaskus ukomm war, huet hie sech deefe gelooss, du konnt en och erëm gesinn. Duerno gouf en ee vun de gréisste chrëschtleche Missionnairen.

Spéiderhin huet en dräi laang Missiounsreesen ënnerholl an och déi véierzéng Bréiwer geschriwwen, déi een haut nach an der Bibel fënnt. Zu Caesarea gouf en du schlussendlech vu réimeschen Zaldote festgeholl, mä dat Schëff, mat deem e sollt op Roum gefouert ginn, ass virun der Insel Malta ënnergaangen.

Nodeem en trotzdeem zu Roum ukomm war gouf e warscheinlech verhaft an agespaart. Am Joer 64 oder 67 no Christus ass en dunn higeriicht ginn.  

Gedenkdag änneren

De Gedenkdag vum Apostel Paulus ass den 29. Juni, de selwechten Dag wéi dee vum Apostel Péitrus.

De liturgesche Gedenkdag ass de 25. Januar. Heibäi handelt et sech ëm d'Bekéierung vum hellege Paulus, zu Däitsch Pauli Bekehrung, deen Dag, un deem sech dee bis dohi jiddesche Saulus zum Chrëschtentum bekannt huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Paulus vun Tarsus – Biller, Videoen oder Audiodateien