Jousefskierch Fuussbann

(Virugeleet vu(n) Kierch Fuussbann)

D'Kierch vun Déifferdeng-Fuussbann ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert.

Kierch um Fuussbann
Kierch vun Déifferdeng-Fuussbann

Kierch vun Déifferdeng-Fuussbann
Kierch vun Déifferdeng-Fuussbann
Uertschaft / Plaz Déifferdeng
Par Par Déifferdeng
Saint-François-d'Assise
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 1934
Architekt(en) Jean Deitz
Baujoer 1933
Koordinaten 49° 31’ 17.5’’ N
      05° 53’ 57.8’’ O
Kierchen - Kapellen
Entréesdier

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de la Chapelle mat der rue Emile Mark, dem CR174.

Geschicht änneren

Duerch dat staark Uwuesse vun der Bevëlkerung Ufanks vum 20. Joerhonnert an den Uertschafte vun der Minettsgéigend ass d'Plaz an der Déifferdenger Kierch esou knapp ginn, datt scho virum éischte Weltkrich d'Vergréisserung vun der Kierch gefrot gouf.

Wéi 1919 den neie Paschtouer Olinger op Déifferdeng koum, huet en am August vum selwechte Joer eng Bauplaz fir eng Kierch am Fuussbann kaaft. Well de Bau vun der Kierch awer op sech waarde gelooss huet, gouf 1932 vum Kiercherot decidéiert, e Bauveräin ze grënne fir de Bau vun enger neier Kierch am Fuusbann a fir d'Vergréisserung vun der Déifferdenger Parkierch. Den 8. November 1932 war de Veräi gegrënnt a vun do u goung et séier virun.

D'Pläng fir déi nei Kierch am moderne Stil goufe vum Architekt Jean Deitz vun Esch-Uelzecht gemaach a vum Gemengerot, vun der Regierung a vum Bistum geneemegt. De Plang huet och virgesinn, datt d'Kierch an dräi Etappe gebaut gi sollt, d'Kiercheschëff an der éischter Etapp, e Querschëff (Transept) an der zweeter Etapp an de Kierchtuerm mat der Sakristei an der drëtter Etapp.

Op Ouschtersonndeg 1933 gouf den éischte Spuetstéch gemaach an um Enn vum Joer 1933 war de Réibau vum Kiercheschëff fäerdeg. Nodeems och d'Bannenariichtung fäerdeg war, gouf d'Kierch sonndes den 22. Juli 1934 vum Dechen Nic. Bisdorff a Presenz vum Bëschof Pierre Nommesch geweit.[1] Di éischt Mass mam Paschtouer Olinger war den 29. Juli 1934.

Den 8. Dezember 1960 gouf de Grondstee geluecht fir de Bau vum Kierchtuerm. Am Juli 1961 war en am Réibau fäerdeg an am August 1962 goufen d'Aarbechten um neien Tuerm an d'Restaurationsaarbechten am Banneraum ofgeschloss.[2]

Den 3,5 m héije Christusrelief op der Agangsfassad ass vum Prof. Desual vun Dinant. Ënner dem Relief war ursprénglech och eng dräigedeelte Fënster, déi spéider nees eraus geholl gouf. De Mosaik am Fong vum Chouer, deen déi helleg Famill weist, ass, grad ewéi d'Kierchefënsteren am Querschëff, am Chouer an op der Agangsfassad, vum Gustave Zanter a goufen eréischt ugangs den 1960er Joren agebaut.

Klacken änneren

Am Tuerm hänke 4 Klacken. Sie goufe vun der Äifeler Klackegéisserei vu Brockscheid gegoss.

Nr. Numm Gewiicht (kg) Duerchmiesser (cm) Toun Géisser Gossjoer
1 Jousef 2.400 151 cis' Mark[3] 1957
2 Maria Tréischterin 1.400 124 e' Mark 1957
3 Barbara 800 111 fis' Mark 1957
4 Méchel 600 98 gis Mark 1957

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jousefskierch Fuussbann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Geschichte der St. Josephskirche auf Fousbann-Differdingen am Luxemburger Wort vum 30. Juli 1934
  2. 'Die Vergrösserungs- und Restaurierungsarbeiten an der Pfarrkirche von Differdingen-Fousbann am Luxemburger Wort vum 11. August 1962
  3. Mark ass de Familljennumm vum Géisser a Proprietaire vun der Géisserei