Kierch Duelem (Réimech)

D'Kierch zu Duelem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Duelem gehéiert.

Kierch vun Duelem
Parkierch vun Duelem (2012)

Parkierch vun Duelem (2012)
Parkierch vun Duelem (2012)
Uertschaft / Plaz Duelem
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Helleg
Péitrus a Paulus
Koordinaten 49° 32’ 29.8’’ N
      06° 15’ 36.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet um Péiteschbierg. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zu der Par Duelem gehéieren ausser der Kierch vun Duelem och nach d'Kierch vu Fëlschdref an d'Kierch vu Welfreng.

Klacken änneren

Nieft engem Klackespill, dat all Stonn eng Kéier spillt, hänken am Kierchtuerm vun der Duelemer Kierch 4 Klacken, déi an den Téin La Dièse, Sol, Mib, Mi3, och b', g', e' es' (dis') genannt, lauden.

Uergel änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Duelem.

Fresken änneren

D'Freskemolereien, déi aus dem 18. Joerhonnert stamen, goufe vum lëtzebuergesche Moler Jean-Georges Weiser realiséiert. Hien huet e Kräizwee mat 14 Statioune gemoolt, dovun 12 am Schëff an zwou an de Säitenaltär.

Literatur änneren

  • Victor Loos, Duelem - Band 1 - "Eis Kiirch", Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Duelem (Réimech) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).