Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Johann Georg Anton Weiser, och Jean-Georges Weiser, gestuerwen 1767, war e lëtzebuergesche Moler a Kofferstécher.
De Weiser koum aus Béimen a gouf 1740 Bierger vun der Stad Lëtzebuerg[1]. Hie war mat der Maria Barbara Decke bestuet an zesummen hate se dräi Kanner:
de Johann Gaspar Weiser, gedeeft de 25. Oktober 1751. Hie war Geeschtlechen an hien ass de 14. Oktober 1828 zu Luerenzweiler gestuerwen, wéi en do Paschtouer war
d'Margareta Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg den 13. September 1746, a gestuerwen de 6. November 1810. Si war net bestuet.
D'Maria Josephine Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg de 5. Oktober 1752, a gestuerwen de 24. Abrëll 1825, als Wittfra vum Hubertus M. Wilden.
D'Abtei Wadgassen - Kofferstéch vum Johann Georg Anton Weiser (Wierk vu 1736)