Kierch Belval-Metzerlach

D'Kierch vu Belval-Metzerlach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert.

Kierch vu
Belval-Metzerlach
Tuerm vun der Parkierch vu Belval-Metzerlach (2005)

Tuerm vun der Parkierch vu Belval-Metzerlach (2005)
Tuerm vun der Parkierch vu Belval-Metzerlach (2005)
Uertschaft / Plaz Bieles
Belval-Metzerlach
Par Par Suessem
Christ Sauveur
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Operstéiung Christi
Konsekratioun 1971
Architekt(en) Hermann Baur (Konzeptioun)
Robert Leer (Bau)
Proprietär Gemeng Suessem
Koordinaten 49° 30’ 49.9’’ N
      05° 56’ 26.6’’ O

Kierchen - Kapellen
Déi lénks Kierchendier

D'Kierch ass der Operstéiung Christi geweit.

Si steet um Eck vun der rue Aloyse Meyer an der rue Sigefroi a gehéiert der Gemeng Suessem.[1]. Am Mee 2020 huet de Gemengerot decidéiert, d'Entweiung vun der Kierch beim Bistum unzefroen.[1] Vum Bistum gouf déi Ufro verworf. Am Gemengerot vum 20. November 2020 gouf entscheed, d'Kierch awer entweien ze loossen[2],[3]. Hei soll en Uert fir Zeremonien a Feieren an engem schéine Kader entstoen.

De 6. Mee 2022 gouf d'Gebai als nationaalt Monument klasséiert.[4]

Si steet um Eck vun der rue Aloyse Meyer an der rue Sigefroi a gehéiert der Gemeng Suessem.[1].

Geschicht

änneren

D'Par Belval-Metzerlach gouf 1959 als bëscheeflech Par gegrënnt an ass domat déi jéngst vun de fënnef Pare vum Parverband Suessem. Den éischte Paschtouer war vun 1959 bis 1974 de René Fisch.

D'Operstéiungskierch vu Belval-Metzerlach ass no de Pläng vum Schwäizer Architekt Hermann Baur (1894-1980) gebaut ginn. De Lëtzebuerger Architekt Robert Leer war fir de Bau zoustänneg. D'Baugenehmegung steet am Zesummenhang mam Amarsch vun den Truppe vum Warschauer Pakt an d'Stad Prag wärend der Zäit vum sougenannte Prager Freijoer am August 1968. Doropshin hunn all Lëtzebuerger Sozialisten all Gemengekoalitioune mat de Kommunisten gekënnegt. De Bau vun der Kierch war bis dohin um Veto vum KPL-Vertrieder am Schäfferot gescheitert. An der éischter Gemengerotssëtzung am Januar 1969 gouf dunn, ënnert enger LSAP-CSV-Koalitioun de Bau genehmegt[5].

Fir de Bau vun der Kierch ze finanzéiere war an den 1960er Joren e Kierchebauveräi gegrënnt ginn. Doduerch konnten zirka 51 % vun de 14,315 Millioune Frang fir den Terrain an de Bau vu Privatleit a vu Betriber opbruecht ginn. 42 % goufe vum Staat finanzéiert an de Rescht vun der Gemeng Suessem.[6]

D'Kierch gouf de 4. Juli 1971 vum Bëschof Jean Hengen geweit. Et ass eng vun de wéinege Kierchen am Land bei deenen de Klackentuerm separat vun der Kierch steet.

Déi meescht Géigestänn bannen an der Kierch stame vum Tessiner Kënschtler Pierino Selmoni:

Un der kënschtlerescher Ausstattung war och de Baseler Kënschtler HH. Hauert bedeelegt. De Wandteppech hanner dem Altor ass vum Jean Zanter a senger Fra. De Bronzerelief deen den operstanene Christus weist ass vum däitsche Kënschtler Elmar Hillebrand. D'Fënstere sinn vum J. Zanter entworf an d'Westenfelder-Uergel ass aus der Lëntgener Uergelfabréck.

Klacken

änneren

Am Tuerm hänke 5 Klacken. Se goufen den 12. September 1965 vum Bëschof Leon Lommel geweit a stamen aus der Klackegéisserei Schilling vun Heidelberg:

Michaelsklack am Schlagtoun la bémol mat der Opschrëft: "Nunc facta est salus et virtus et regnum Dei nostri Bel Val-Metzerlach 1965" (Gekommen ist das Heil, die Macht und Herrschaft unseres Gottes). D'Michaels-Klack gouf mam Erléis vun enger Lotterie finanzéiert, déi 1964 vun den Oeuvres paroissiales (Kirchenbauverein) organiséiert gouf . Se weit 746 kg.

Marieklack am Schlagtoun si bémol mat der Opschrëft: Guade et laetare Virgo Maria, quia surrexit Dominus vere! Alleluia!" (Freue dich und frohlocke, Jungfrau Maria, da der Herr wahrhaft ist auferstanden! Alleluia!")Bel Val-Metzerlach 1965, fund, fam. div. . D'Klack gouf mat Stëftunge vu 17.000 Frang finanzéiert. Se weit 557 kg.

Theresieklack am Schlagtoun re bémol mat der Opschrëft "Mon Dieu! Je...Vous...Aime!" Bel Val 1965. D'Klack gouf mat Spende vu Pätteren a Giedele vu jeeweils 1000 Frang finanzéiert. Se weit 468 kg.

Don Bosco Klack am Schlagtoun mi bémol mat der Opschrëft "Sta sempre allegro" (Sei immer froh!) Metzerlach 1965. D'Klack gouf mat Spende vu Pätteren a Giedele vu jeeweils 1000 Frang finazéiert. Se weit 321 kg.

Jousefsklack am Schlagtoun fa mat der Opschrëft "Amissum quaeris et invenis, miscens gaudia fletibus Bel Val Metzlerlach 1965 fund. fam. Weimerskirch-Schwaller".

De Klackestull gouf vun der ARBED vun Déifferdéng gemaach, d'Anlag fir ze lauden ass vun der Firma Diegner und Schade vun Dorsten (Däitschland).

Literatur

änneren
  • Michel Schmitt, Die Auferstehungskirche in Bel Val-Metzerlach und ihre liturgisch-künstlerische Ausstattung, Die Warte vum 7. Okt. 1971

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Belval-Metzerlach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 Hoffmann, D., 2020. Kirchenentweihung besiegelt. Das Gotteshaus in Metzerlach soll zum Ort des öffentlichen Nutzens für alle Bürger werden. Luxemburger Wort vum 16. Mee 2020, S. 38.
  2. Metzerlach: Gemeinderat bestätigt Entweihung der Kirche, op wort.lu, gelies den 21. November 2020
  3. Lucien Wolff, Entweihung bestätigt, Gemeinderat Sassenheim stimmt erneut über die Zukunft der Kirche in Metzerlach ab, Luxemburger Wort, 23. November 2020, S. 34
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 28. Mee 2024).
  5. Gegründet nach dem Einmarsch der Sowjetpanzer, Luxemburger Wort 30. 12. 2016, S. 18
  6. Nicolas Anen: Laizistisches Zentrum statt Kirche? - Kirchenfabrik Belval-Metzerlach wehrt sich gegen Pläne des Sassenheimer Schöffenrates am Luxemburger Wort vum 30. Dezember 2016