Georg Westenfelder
däitschen Uergelbauer
De Georg Westenfelder, gebuer den 8. August 1935 zu Stuttgart, ass en Uergelbaumeeschter. Hie war bis 2020 Besëtzer vun der Lëntgener Uergelmanufaktur.
Georg Westenfelder | |
---|---|
De Georg Westenfelder am Juli 2006 | |
Gebuer |
8. August 1935 Stuttgart |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Uergelbauer |
Hien huet 1969, wéi den Uergelbaumeeschter Herbert Schmidt d'Firma verlooss huet, d'Leedung iwwerholl an dat Joer duerno d'Firma kaaft.
2020 huet hie sech aus dem Beruffsliewen zeréckgezunn. D'Uergelmanufaktur Schumacher vun Eupen huet uganks 2021 de Fonds de commerce vun der Lëntgener Uergelmanufaktur iwwerholl.[1]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Luxemburger Orgelbau wird belgisch." wort.lu, 23.03.2021.