Kiche-Lëns

Planzenaart aus der Gattung Lens
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kiche-Lëns (Lens culinaris Medik.; Syn.: Ervum lens L.), och einfach Lëns genannt, ass eng Aart aus der Gattung vun de Lënsen (Lens) an der Famill vun de Scheekefriichten (Fabaceae).

Kiche-Lëns
Kiche-Lëns (Lens culinaris)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fabales
Famill Scheekefriichten (Fabaceae)
Ënnerfamill Faboideae
Gattung Lënsen (Lens)
Wëssenschaftlechen Numm
Lens culinaris
Medik.

Beschreiwung

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Kiche-Lëns a Mëtteleuropa

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kulturplanz

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verwendung

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Kiche-Lëns zu Lëtzebuerg

änneren

Den Numm „Lëns“

änneren

De lëtzebuergeschen Numm „Lëns“ staamt direkt vum laténgesche Wuert Lens of, dat schonn zur Réimerzäit geleefeg war.[1]

Den Henri Klees gëtt nach d'Nimm „Pandouer“ a „Pandur“ u fir eng Aart dräieckeg Lëns, déi méi graff wier ewéi déi gewéinlech Lëns.[2] Dobäi handelt et sech awer ëm d'Kultur-Lënsouer (Lathyrus sativus L.), déi een och am „Luxemburger Wörterbuch“ ënner verschiddenen Nimm fënnt.[3]

Ubau vun der Kiche-Lëns zu Lëtzebuerg

änneren

D'Kiche-Lëns staamt aus dem Mëttelmierraum a gouf schonn an der Jongsteenzäit a Mëtteleuropa ugebaut.[4]

An der Lëtzebuerger Literatur gëtt et eng Rei Referenzen op de Kiche-Lënsenubau:

  • 1836 - Tinant: Ugebaut a munchmol an de Felder ze fannen.[5]
  • 1860 - Fischer: D'Lëns gëtt just nach seelen an a wéinegen Uertschafte kultivéiert. D'Lënse goufe fir déi mënschlech Ernierung verkaaft a waren am Commerce gefrot, och am Aussenhandel (Museldepartement). A fréieren Zäiten, éier d'Gromper zu Lëtzebuerg groussflächeg ugebaut gouf, war d'Kultur-Lëns vill méi wichteg a war eng gängeg Kultur an eise Géigenden.[6]
  • 1875 - Krombach: Hei an do ugebaut, mol och verwëldert an anere Kulturen.[7]
  • 1897 - Papa Klein: Plazeweis ugebaut.[8]

Um Ausgank vum 19. Joerhonnert goufen nach ëmmer Kiche-Lënsen ugebaut, wéi de Jean-Auguste Neyen 1892 detailléiert a sengem „Handbuch der Landwirtschaftslehre“ schreift.[9]

 
Beluga-Lënsen

Zënter 2022 ginn zu Lëtzebuerg nees Lënsen um biologesch gefouerte Lilienhaff zu Buerschdref ugebaut.[10]

Dat sinn déi ganz kleng schwaarz Beluga-Lënsen, déi fest bleiwen, wa se gekacht sinn, an e wéineg wéi Belugakaviar ausgesinn, sou datt se gär an Zoppen an Zaloten agesat ginn.[11]

Literatur

änneren
  • Fischer, E., 1860. Notices historiques sur la situation agricole du Grand-Duché de Luxembourg (2e éd.). V. Bück. 254 S.
  • Klees, H., 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Institut grand-ducal. Section de linguistique, de folklore et de toponymie. 3. Oplo 1994 bei Ed. Pierre Linden.
  • Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
  • Krombach, J.-H.-G. (1875). Flore du Grand-Duché de Luxembourg  : plantes phanérogames. J. Joris. 577 S.
  • LWB, 2024. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities, abgerufen am 22.05.2024.
  • Marzell, H., 2000. Wörterbuch der deutschen Pflanzennamen. 5 Bände (unter Mitwirkung von Wilhelm Wissmann und Wolfgang Pfeifer). Leipzig, ab 1976 Stuttgart/Wiesbaden (1937) 1943–1979; Band 3 (ab Spalte 481) und Band 4 (aus dem Nachlass) hrsg. von Heinz Paul, Band 5 (Registerband) 1958 mit Wilhelm Wissmann; Neudruck (Lizenzausgabe) Köln 2000, ISBN 3-88059-982-3.
  • Neyen, Jean-Auguste, 1892. Handbuch der Landwirtschaftslehre - zum Gebrauch für den Unterricht an landwirtschaftlichen Lehranstalten und zum Selbstunterricht. Luxemburg: J. Beffort. 582 S.
  • Nonet, Erwan, 2024. Les lentilles du Mullerthal. Rubrique Made in Luxembourg. Le Quotidien en ligne. Publié le 2024-05-09. https://lequotidien.lu/a-la-une/made-in-luxembourg-les-lentilles-du-mullerthal/?utm_medium=Social
  • Tinant, F. A. (1836). Flore luxembourgeoise ou description des plantes phanérogames  : recueillies et observées dans le Grand-Duché de Luxembourg, classées d’après le système sexuel de Linnée. J.P. Kuborn. 512 S.
  • WLM, 2024. Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities, abgerufen am 22.05.2024.

Referenzen

änneren
  1. Cf. Marzell 2000/2: 1234 an der Literatur.
  2. Cf. Klees 1994: 647 an der Literarur.
  3. Pandouer (lok.: Pandu(e)r) M.), Pandur: «eßbare Platterbse» (Lathyrus sativus) — dafür auch: Dompouer, Domporen, Kächer II, Lënjhouer, Lëns(j)ouer, Lenzonen. Cf. LWB 2024 an der Literatur). Cf. och Pando'er m., Pandur m., eßbare Platterbse in: WLM 2024 an der Literatur.
  4. Cf. Marzell 2000/2: 1234 an der Literatur.
  5. Cf. Tinant 1836: 580-581 an der Literartur: „Cultivé et se trouve quelquefois parmi les moissons“.
  6. Fischer 1860: 118, 122: „Les lentilles cultivées d'une manière un tant soit peu notable, ne se rencontrent que rarement et dans quelques localités seulement. Elles sont alors vendues pour la nourriture de l'homme, usage qui les fait rechercher dans le commerce, et même dans le commerce extérieur (département de la Moselle). Autrefois, avant la généralisation de la pomme de terre, la culture des lentilles était beaucoup plus importante et plus générale qu'elle ne l'est aujourd'hui.“
  7. Krombach 1875: 128-129 an der Literatur: „Cultivé par-ci par-là; quelquefois subspontané dans les moissons.“
  8. Klein 1897: 184-185: „Stellenweise gebaut“.
  9. Cf. Neyen 1892: 208-209.
  10. Cf. Lënse vu Buerschdref https://www.100komma7.lu/episoden/Lense-vu-Buerschdref?pd=radio
  11. Cf. Nonet 2024 an der Literatur