Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Lënsen als Planzegattung. Fir aner Bedeitunge vu "Lëns", kuckt wgl. Lëns.

D'Lënsen (Lens) sinn eng Planzegattung an der Ënnerfamill vun de Faboideae bannent der Famill vun de Fabaceae.

Lënsen
Lëns (Lens culinaris)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fabales
Famill Scheekefriichten (Fabaceaae)
Ënnerfamill Faboideae
Gattung Lënsen
Wëssenschaftlechen Numm
Lens
Mill.

D'Lënsenaart Lens culinaris ass déi Aart, déi als Narungsplanz ugebaut gëtt an dofir a ville Kulturen eng Roll spillt.

Beschreiwung änneren

D'Lens-Aarte si meeschten eejäreg, krauteg Planzen. D'Blieder wuessen zu zwee an zwee, mat zwou bis aacht Koppele pro Still. D'Bléie wuessen u Kludderen, an hunn eng wäiss, hellmof oder bloelzeg Faarf. An der Scheekefruucht, déi sech draus entwéckelt, sinn ee bis zwéi Somkären, déi ofgeflaacht a ronnelzeg sinn.

D'Gattung Lens ass virun allem am Mëttelmierraum bis Zentralasien verbreet. Si kënnt an Europa, Nordafrika, am Mëttelsen Oste bis an de Kaukasus vir. Doriwwer eraus ass se op de Kanareschen Inselen, am tropeschen Afrika an och bis an Indien verbreet ginn.

An der Gattung Lens gëtt et 4 oder 6 Aarten:

 
D'Somkäre vu verschiddenen Ziichtunge vun der Lens culinaris.

Um Spaweck änneren

Commons: Lënsen – Biller, Videoen oder Audiodateien