Kepler (Moundkrater)
De Kepler ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit, deen nom däitschen Astronom Johannes Kepler genannt ass. Hien ass scho mat engem klengen Teleskop en opfällege Moundkrater, well hien änlech wéi den Tycho an de Kopernikus e Stralesystem huet.
De Moundkrater Kepler Lunar Orbiter 4 | |
Koordinaten | 8°7'12"N, 38°0'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 32 km |
Déift | 2600 m[1] |
Selenographesch Längt | 38° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Johannes Kepler |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ11 |
Lag an Eegenschaften
ännerenDe Kepler ass en opfällege Krater no beim Moundequator op der äerdzougedréiter Moundsäit. Hie läit mat sengem Zentrum bei 8,1° nërdlecher selenographescher Breet an 38,0° westlecher Längt, westlech vum Oceanus Procellarum an ëstlech vum Mare Insularum. Säin Duerchmiesser ass 32 Kilometer. Seng Déift méisst vun der Héicht vum Rampli aus 2600 Meter. De Kraterrand ass duerch Ofrëtsch eppes eckeg geformt. De banneschte Hang vum Rampli ass terrasséiert. Den zentrale Biergmassiv ass nëmme schwaach profiléiert.
De Kepler huet e ganz helle Banneberäich an ass doriwwer eraus den Zentrum vun engem helle Stralesystem.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 7,13° N, 36,14° W | 11 km | [1] |
B | 7,73° N, 35,35° W | 7 km | [2] |
C | 10° N, 41,87° W | 12 km | [3] |
D | 7,4° N, 41,89° W | 10 km | [4] |
E | 7,36° N, 44,01° W | 6 km | [5] |
F | 8,29° N, 39,1° W | 6 km | [6] |
P | 12,2° N, 34° W | 4 km | [7] |
T | 9° N, 34,62° W | 3 km | [8] |
Literatur
änneren- Gerald North: Den Mond beobachten. Spektrum, Akademischer Verlag, Heidelberg - Berlin 2003. ISBN 3-8274-1328-1
- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. Die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. In 2 Bänden. Herder, Freiburg - Basel - Wien 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990. ISBN 3-7684-2047-7
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.