Greenpeace /ˈgriːnpiːs/ ass eng international Netregierungs-Ëmweltschutzorganisatioun, déi de 15. September 1971 zu Vancouver, Kanada als Nofollgerorganisatioun vum Don't Make A Wave Committee gegrënnt gouf.

Greenpeace-Aktioun géint Esso

D'Organisatioun ass u sech géint d'Atomtester vun den USA an Alaska op d'Bee gestallt ginn. Am Verglach mat villen aneren Ëmweltschutzorganisatiounen ass Greenpeace éischter handlungsorientéiert.

Greenpeace-Aktiviste beschränke sech net drop, just Pétitiounen anzereechen, mä ginn dacks direkt op d'Plaz selwer wou eppes geschitt a probéiere mat gewaltfräien Aktiounen, anzegräifen. D'Aktiounen déngen dacks der Duerchsetzung vum Vëlkerrecht, woubäi a munneche Fäll och déi national Rechtsuerdnung iwwerschratt gëtt. D'Greenpeace-Aktiviste sinn op spektakulär Aktiounen an der Ëffentlechkeet spezialiséiert (Besetzung vu Kamäiner, Uelegtanker-Observatiounen an Schlauchbooter, asw.), awer net ouni d'Hannergrënn an deelweis opwennegen Etüden (déi se dacks selwer commissionéiert hunn) z'ënnersichen.

Et gëtt nationalgebonne Greenpeace-Veräiner a ville Länner. Zu Lëtzebuerg huet Greenpeace hire Sëtz zu Esch-Uelzecht.

StrukturÄnneren

FinanzenÄnneren

Greenpeace huet no eegenen Aussoen zirka 2,83 Millioune Memberen a pro Joer kréie se no eegenen Donnéeën zirka 37 Milliounen Euro Spenden. Greenpeace beschäftegt zu Lëtzebuerg eng Dose Leit, weltwäit sinn et der 1.361.

Déi meescht Spende kritt Greenpeace vu private Memberen, awer och vu prominente Persounen, wéi dem Medienentreprener Ted Turner. Greenpeace hëlt keng Spende vun Entreprisen oder Regierungen un, fir vun hinnen onofhängeg ze bleiwen.

EegeninitiativenÄnneren

Am Joer 1993 huet Greenpeace an Zesummenaarbecht mam Hiersteller Foron deen éischten Äisschaf op de Maart bruecht, deen ouni Fluorchlorkuelenwaasserstoffer (FCKW) oder Fluorkuelewaasserstoffer (FKW) als Killmëttel auskoum. Et ass virdru behaapt ginn, en Ersatz fir déi Stoffer wier zu gënschtege Präisser net méiglech.

Greenpeace huet schonn 1996 en Auto virgestallt, dee bei 90 km/h op däitlech ënner dräi Liter Bensinnverbrauch kënnt. Mat engem Kredit vu Greenpeace huet déi schwäizer Firma Wenko e serieméissege Renault Twingo mat Bensinnsmotor sou ëmgebaut, den Twingo Smile, an huet domat d'Argumenter widderluecht, en Dräi-Liter-Auto wier nëmmen als Diesel an dann nëmmen technesch opwenneg mat Aluminium-Karosserie ze bauen.

Greenpeace huet 1999 d'Société Cooperative Greenpeace Energy gegrënnt, déi mëttlerweil zirka 11.000 Memberen huet. Greenpeace Energy verkeeft Stroum aus erneierbaren Energiequellen un ongeféier 50.000 Clienten. D'Form vun der Sociétéit mécht Greenpeace Energy onofhängeg vu Banken.

KritikÄnneren

Greenpeace gëtt virun allem vu basisdemokratesch organiséierten Ëmweltschützer reprochéiert, intern eng staark hierarchesch Struktur ze hunn. Dëst huet 1982 zu engem Ofsplécke vun e puer éierenamtlechen Aktivisten, a sou zur Grënnung vu Robin Wood gefouert. Besonnesch vun de Géigner ginn d'Methoden an Aktioune kritiséiert.

Zu Lëtzebuerg huet Greenpeace de 25. Oktober 2002 all 28 Bensinsstatioune vun der Firma Exxon Mobile e ganzen Dag laang blockéiert. Greenpeace gouf dofir de 5. Mäerz 2010 zu 91.000 Euro Schuedenersaz verurteelt.[1]

An der Chamber ass kuerz no der Aktioun vum 25.10.2002 e Gesetzesprojet diskutéiert ginn, deen de Justizminister Luc Frieden virgeluecht hat, an dee sou Aktioune sollt ënner Strof stellen. Dëse Gesetzprojet mam Titel Projet de loi 5076, garantissant l'usage paisible du droit de propriété et la liberté de mouvement et portant introduction d'un nouvel article 442-1 au code pénal krut séier de Bäinumm Lex Greenpeace. En ass dunn awer, net zulescht wéinst staarke Protester, zréckgezu ginn, well en d'Streikrecht ze vill aschränke géif.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Greenpeace – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. "Greenpeace muss Esso 91'000 Euro Strof bezuelen." rtl.lu 05.03.2010, 12:30 - Fir d'lescht aktualiséiert: 05.03.2010, 16:13.