Exilliteratur ass e literaresche Genre, mat deem Wierker genannt ginn, déi vun hirem Auteur am Exil geschriwwe goufen. Well dësen Openthalt an der Friemd par définition net aus fräie Stécker ass, fënnt een dacks an de Schrëfte vun Exil-Auteure bestëmmt Theemen erëm, wéi d'Verlaangeren no der Heemecht, d'Ausernanersetzung mat de sozialen oder politeschen Zoustänn do wou een hierkënnt (oder wou een ass), d'Froen, wou een a sengem Liewen drun ass, oder wat aus engem soll ginn, asw.

De Pierre Grégoire an de Willy Brandt bei der Ouverture vun enger Ausstellung zu Lëtzebuerg iwwer Exilliteratur, am Januar 1968; op de Panneaue Fotoe vun Exil-Schrëftsteller.

Exilliteratur kann awer och 'onopfälleg' sinn, z. B., wann den Auteur säi Liewensënnerhalt mat Trivialliteratur verdéngt, z. B. Fortsetzungsromaner, etc.

Zu Lëtzebuerg hunn an den 1930er Joren eng ganz Rëtsch däitschsproocheg Auteuren zäitweileg gewunnt an och geschriwwen, déi virun den Nazien, sief et aus politeschen oder aus reliéise Grënn, hu missen aus Däitschland (a méi spéit och Éisträich) fortlafen. Bal all si se weider geflücht, wéi och Lëtzebuerg net méi sécher war.

Et waren dat ë. a. d'Maria Gleit, de Max Reinheimer, d'Gertrud Schloß, de Karl Schnog [Tom Palmer], de Paul Scholl, den Harry Schulze-Wilde, de Walther Victor an den Israel Zwi Kanner.

Literatur änneren

  • Germaine Goetzinger, Gast Mannes, Pierre Marson: Exilland Luxemburg, 1933 - 1947, Schreiben, Auftreten, Musizieren, Agitieren, Überleben. Miersch 2007.