D'Period Karbon ass déi zweetlescht Period aus dem Äerdaltertum. No hir kënnt d'Period Perm a virun hir war d'Period Devon.

Si ass an zwou Haaptepochen agedeelt: Pennsylvanium a Mississippium an huet virun ongeféier 359,2 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 299 Millioune Joer gedauert.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit änneren

Bëscher sinn entstanen an hir ofgestuerwen Iwwerreschter hu sech lues a lues a Kuel verwandelt.

Déi éischt Amphibien, d'Virfahre vun den haitege Lurchen, hunn ugefaangen och u Land op d'Juegd ze goen an hu sech sou vum Waasser onofhängeg gemaach.

Aus der Linn vun den Amphibien hu sech d'Reptiller entwéckelt. Mat hiren Eeër, déi eng fest Schuel haten, konnte si hiren Nowues um Festland op d'Welt bréngen.

Geologie änneren

De Superkontinent Pangea huet ugefaange sech ze bilden.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Karbon – Biller, Videoen oder Audiodateien