Ordovizium

Äerdaltertum

D'Period Ordovizium ass déi zweet Period aus dem Äerdaltertum. No hir kënnt d'Period Silur a virun hir war d'Period Kambrium.

Si ass an sechs Epochen agedeelt an huet virun ongeféier 488 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 444 Millioune Joer gedauert.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit

änneren

Déi éischt primitiv Planzen hunn d'Land eruewert. Koralleriffer sinn entstanen a villfälteg Schwämm, Muschelen, Schleken a Séistären hu sech um Buedem vum Mier entwéckelt. Am Ozean gouf et eng grouss Zuel vu Kappfüsser, Séiskorpiounen a gepanzert Fësch. D'Glidderfüsser sinn u Land gaangen. Et gouf och en éischt grouss Massstierwe wou vill Aarte ausgestuerwe sinn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Ordovician – Biller, Videoen oder Audiodateien