D'Period Devon ass déi véiert Period aus dem Äerdaltertum. No hir kënnt d'Period Karbon. Virun hir war d'Period Silur.

Si ass an dräi Epochen agedeelt: ënneschten, mëttelsten an ieweschten Devon an huet virun ongeféier 416,0 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 359,2 Millioune Joer gedauert.

Glidderung änneren

Karbon 
ieweschten Devon: Famennium
Frasnium
mëttleren Devon: Givetium
Eifelium
ënneschten Devon: Emsium
Pragium
Lochkovium
Silur

Devonescht Gestengs zu Lëtzebuerg änneren

D'Gestengs aus dem Éislek staamt aus dem ënneschten Devon (Stufe Pragium (fréier Siegenium genannt) a Emsium). Et handelt sech ëm Schifer a Quarziter.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit änneren

Déi eelst Insekten sinn entstanen, d'Urahne sinn Kriibsen déi am Waasser liewen. D'Amphibien hu sech aus de Fësch entwéckelt als véierbeeneg Wierbeldéieren u Land komm sinn. Nom zweete grousse Massestierwe si vill Aarten erëm verschwonnen. Déi éischt Somplanze sinn entstanen.

Paleogeographie änneren

An der Period vum Devon gouf et zwee Urkontinenter, de Gondwana an de Laurasia.

Literatur änneren

  • Franke, Christian (Hrsg.), 2006. Beiträge zur Paläontologie des Unterdevons Luxemburgs (1). Ferrantia 46. ISSN: 1682-5519.
  • Lucius, M., 1948. L'Orogenèse de l'Ardenne. Bull. Soc. Nat. luxemb. 53: 10-15.
  • Lucius, M., 1951. La notion de pénéplaine et le modelé du terrain de l'Ardenne luxembourgeoise (Oesling). Bull. Soc. Nat. luxemb. 55: 279-308.
  • Lucius, M., 1955. Les traits fondamentaux de l'allure tectonique du Dévonien de l'Oesling. Bull. Soc. Nat. luxemb. 59: 17-50.
  • Probst, Ernst, 1986. Deutschland in der Urzeit, C. Bertelsmann, München. ISBN 3-570-1066-X.
  • Rothe, Peter, 2003. Quastenflosser und Nacktpflanzen: Das Devon. Biologie in unserer Zeit 33(2): 107-115. ISSN 0045-205X.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Devonian – Biller, Videoen oder Audiodateien