Kapell Pëtschent

(Virugeleet vu(n) Kapell Pëtscht)

D'Kapell vu Pëtschent ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.

Kapell vu Pëtschent
Kapell vu Pëtschent (2011)

Kapell vu Pëtschent (2011)
Kapell vu Pëtschent (2011)
Uertschaft / Plaz Pëtschent
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Albinus
Konsekratioun 1957
Koordinaten 49° 57’ 34.1’’ N
      06° 08’ 30.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral am Duerf an der Haaptstrooss, dem CR320.

Den 29. Mäerz 2023 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Stolzebuerg huet ausser der Kapell vu Pëtschent och nach d'Kierch vu Stolzebuerg gehéiert.

Geschicht änneren

Hiren Neibau gouf schonn 1876 beschloss, konnt wéinst enger Rei Schwieregkeeten, virun allem den zwéi Weltkricher, eréischt den 3. September 1957 ageseent ginn. Dat huet de Mgr Jacques Mangers gemaach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Pëtschent – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kapell vu Weste gesinn

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).