Méchelskapell zu Boukels

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Boukels)

D'Méchelskapell zu Boukels ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.

Kapell vu Boukels
Kapell vu Boukels (2014)

Kapell vu Boukels (2014)
Kapell vu Boukels (2014)
Uertschaft / Plaz Boukels
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Koordinaten 49° 55’ 21.8’’ N
      05° 59’ 45.4’’ O
D'Kapell aus ëstlecher Richtung gesinn

D'Kapell aus ëstlecher Richtung gesinn
D'Kapell aus ëstlecher Richtung gesinn
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral am Duerf op der Haaptstrooss, dem CR321.

Geschicht änneren

Déi éischt bekannt Kapell zu Boukels gouf den 29. Oktober 1605 vum Mgr. Andreas Strengnart, Bëschof vun Tagaste, konsekréiert. Dës Kapell ass awer schonn 1734 ofgerappt ginn a 1735 gouf op enger anerer Plaz eng nei gebaut. Dës Kapell gouf scho 1768/69 nees nei gebaut (oder gréisstendeels renovéiert).[1]

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kapell vu Boukels eng Kapell vun der Par Géisdref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Géisdref huet ausser der Kapell vu Boukels och nach d'Parkierch vu Géisdref gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Méchelskapell zu Boukels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Boukels op der Websäit vun de Gemeng Géisdref Archivéiert op 2017-09-09. Gekuckt de(n) 2014-04-16.