Stadhaus Wolz

Gebai zu Wolz

D'Stadhaus vu Wolz ass de Sëtz vun der Gemengeverwaltung vun der Gemeng Wolz. Et steet op Nummer 2 an der Groussgaass Virum Stadhaus steet dat aalt Justizkräiz.

Stadhaus Wolz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Plaz Wolz
Koordinaten 49° 57’ 59’’ N 05° 56’ 14’’ O
Statut Nationaalt Monument
Datum vum Bau 1880
Proprietär Gemeng Wolz
Zweck Verwaltungsgebai

D'Gebai gouf den 24. Abrëll 2017 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

D'Gebai gouf 1880 vum Industriellen a spéidere Buergermeeschter Eugène Thilges baue gelooss. Et krut den offiziéisen Hausnumm A räich Thilges.[2]

1966 gouf et de Sëtz vun der Gemengeverwaltung. Dës war virdru fir d'éischt annerhalleft Joerhonnert laang, am Schoulgebai am Millesee ënnerbruecht. Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich huet den Okkupant d'Villa De Muyser kaaft, fir do d'Stadhaus draus ze maachen. Well och déi mat der Zäit ze kleng gouf, huet d'Gemengeverwaltung 1963 fir 7 Millioune Frang d'Villa Thilges opkaaft an amenagéiert. Dobäi goufen ë. a. eng grouss Trap hannert dem Gebai, sou wéi Dingschtgebaier, ewechgemaach.[2]

2016 bis 2021 gouf d'Gebai fir 8 Milliounen Euro am Fong renovéiert.[2]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mairie de Wiltz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024)..
  2. 2,0 2,1 2,2 John Lamberty: "Rathaus-Geschichten: Wiltz." wort.lu, 30.12.2020.