Jules Krüger

letzebuergesche Komponist

De Jules Krüger gebuer de 27. Mäerz 1899 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 31. Mee 1976[1] war e lëtzebuergesche Komponist.

Jules Krüger
Gebuer 27. Mäerz 1899
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Mee 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Hie studéiert Gei, Piano an Harmonie am Conservatoire vu Lëtzebuerg. 1916 setzt hie säi Studium fort zu Léck, virun allem an der Klass vum bekannte Violonist Mathieu Crickboom. Mat 18 Joer kritt hien "un premier prix à l'unanimité et avec distinction".

An den zwanzeger Joren installéiert hie sech zu Bréissel. Hien erkennt de Genie vun: Debussy, Ravel, Dukas, Prokofiev a Stravinsky. De Jules Krüger spillt Gei an der 'Société des Concerts populaires'. Géint 1927 léiert de Krüger seng zukünfteg Fra kennen: d'Violonistin Julie Ladrière.

1929 kënnt hien op Lëtzebuerg zeréck. Hien dirigéiert d'Harmonie municipale vu Réimech, dann déi vu Keel an Déifferdeng. 1933 gëtt hie Violinprof an der Museksschoul vun Esch. Do grënnt hien och de "Quatuor luxembourgeois". 1947 kënnt hien an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. Hien ass Matgrënner vum "Quatuor à clavier de Luxembourg". An dem Buch iwwer de Centenaire vum Conservatoire schreift de Guy Jourdain un musicien averti et très bon pédagogue dont le souvenir restera longtemps vivant au conservatoire. Och no senger Pensioun 1966 léiert de Jules Krüger weider Gei als chargé de cours bis de 15. Juli 1973.

Nieft senge pedagogeschen Aktivitéite këmmert hie sech och ëm d'Kammermusek. No sengem "Quatuor luxembourgeois" (1933-1940), gëtt de "Quatuor à clavier de Luxembourg" (1947-1963) eng musikalesch Dréischeif fir Lëtzebuerg.

De Komponist Jules Krüger war d'éischt vum César Franck beaflosst, duerno huet hie säin eegene Stil an de Variatioune fonnt.

De Léon Blasen nennt d'Variatiounen iwwer dem Michel Lentz seng 'D'Margréitchen', de 'Mouvement symphonique', mat där de Jules Krüger den éischte Präis an der Kompositioun 1963 kritt. 1948 schreift de Jules Krüger d'Suite picturale'.

De Jules Krüger huet eis eng Oper gelooss déi nach ëmmer op hir éischt Opféierung waart. An de 50-er Joren huet den Henri Pensis Auszich aus der 'Melusina' mat der Hëllef vum Fernand Koenig a Camillo Felgen enregistréiert, mä eng Theateropféierung feelt nach ëmmer.

Den 31. Mee 1976 stierft de Komponist. Den Weg gebahnt zu haben von lokalen Volksweisen bis zur Musik mit großem Orchester, bleibt sein Nationalverdienst, seet säi Frënd, den Architekt Camille Frieden. De Krüger bleift ee Museker dee verdéngt datt hien (erëm)-entdeckt gëtt.

Wierker änneren

Sinfonien änneren

  • Cortège (pour orchestre symphonique)
  • Berceuse (pour orchestre symphonique)
  • Variations sur la chanson d'Margréitchen
  • Lëtzebuerg, ouverture avec choeur final
  • Variations sur la chanson "Dräi Faarwen"
  • Cinq Préludes pour le "Summerdram" (Marcel Reuland)
  • Andante (pour orchestre symphonique)
  • Prélude (pour orchestre à cordes)
  • Suite picturale en quatre mouvements (pour orchestre symphonique)
  • Musique pour orchestre sur un thème populaire
  • Suite en 12 numéros du drame lyrique "Melusina"
  • Poème pour violon et orchestre
  • Mouvement symphonique

Oper änneren

Melusina

Kammermusek änneren

  • 6 préludes pour piano
  • Petite musique facile pour 4 violons
  • Duo en 4 mouvements pour 2 violons
  • 7 préludes pour violon et piano
  • 3 pièces pour quatuor à cordes
  • Quatuor pour flùte, hautbois, et 2 violons
  • "Rêverie" pour quintetteà cordes
  • Préludes pour quintette de clarinettes
  • Prélude pour flûte, hautbois et basson
  • "Berceuse" pour quatuor à cordes
  • "Vun alle Blummen"pour quintete à cordes
  • Prélude et fugue pour quatuor à cordes

Musique vocale änneren

  • Gondellied
  • Aus mengem Lidderbuch
  • Deng Aen
  • Vous m'avez dit tel soir
  • Vun alle Blummen
  • Héich steet eng Fiels
  • Caballero
  • Wichtelcher
  • Millchen, dipp, dipp, dapp
  • En zappelecht Vollék
  • D'Eisleker Hamm
  • Du klenge Fenkelstier
  • Hieschen
  • Mir hausen dagsiwwer am Bësch
  • De Weissert

Oeuvres pour Orchestre d'Harmonie änneren

  • Tempo di Menuetto
  • BBC-Marche
  • Renouveau, Marche de Procession
  • Contrastes
  • Pièce brève
  • Holiday
  • Mélancolie
  • Souvenir de Mondorf
  • Arrangement de la Suite pastorale de Victor Vreuls
  • Arrangement de l'Andante du quatuor à cordes op. 60 de Brahms

"L'oeuvre de Jules Krüger ne mérite pas l'oubli: Il constitue à bien des égards une des bases les plus solides du patrimoine musical luxembourgeois" (Loll Weber)

Gielercher[1] änneren

Um Spaweck änneren

De Jules Krüger am Musikerlexikon

Quell änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Jules Krüger am Luxemburger Wort vum 10. Juni 1978 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Mäerz 2022