De Bauereblues

Film vun der Julie Schroell (2011)

De Bauereblues ass e lëtzebuergeschen Documentairefilm aus dem Joer 2011 vun der Julie Schroell.

De Bauereblues
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 11. November 2011
Dauer 71 min
Faarf Faarweg
Filmformat 16:9
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Julie Schroell
Dréibuch Julie Schroell
Fotografie Laurent Van Eijs, Olivier Koos
Musek Claude Pauly, Maxime Bender
Schnëtt Anne Schroeder, Isabel Bento Dos Reis
Produzent Anne Schroeder (Samsa Film)
Viviane Thill (CNA)
Produktiouns-
gesellschaft
Centre national de l'audiovisuel
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat den 8. November 2011 Avant-première am Ciné Starlight an ass den 11. November an de Kinoen erauskomm.

Wourëms geet et am Film?

änneren

Géint Enn vum 19. Joerhonnert hu ronn 60% vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung vun der Agrikultur gelieft, 2011 waren dat der just nach 1%.[1] De Film portraitéiert dat haitegt Liewen an engem Bauerewiesen, a léisst verschidde Generatiounen zu Wuert kommen, déi och erzielen, wat sech an deene leschte Joerzéngte verännert huet… Am Ganze ginn 8 Bauere begleet.

Produktioun

änneren

De Film war eng Optragsaarbecht vum Centre national de l'audiovisuel (CNA).[2] Am Ganzen huet d'Produktioun dräi Joer laang an Usproch geholl.[3]

A verschiddene Kinoen ass de Film zesumme mat engem aneren Documentaire iwwer d'Mëllechbaueren aus dem Joer 1939, Mëllech a Botter, gewise ginn.[3]

Accueil

änneren

De Film war an der Kategorie "Beschten Documentaire" fir déi 5. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis (2012) nominéiert.[4]

E gouf am Ganze vu 6.637 Leit am Kino gesinn.[5]

De Christiane Walerich vu Woxx huet geschriwwen:[2]

„De Bauereblues“ ist ein Film, der genau zur richtigen Zeit erscheint, in der sich die Landwirtschaft trotz Konsumüberfluss in der Krise befindet. Auch wenn Julie Schroell, die sich bereits einen Namen durch den Film „Ee stoarkt Stéck Minett“ gemacht hat, letzlich mit dem Genre des Dokumentarfilms eher eine konventionelle Herangehensweise gewählt hat, ist es ihr dennoch gelungen nicht nur zu dokumentieren, sondern den Zuschauer auch hellhörig werden zu lassen.

D'Sonja Kmec schreift am Forum:[6]

Le marché global, la politique agricole européenne et la production alimentaire sont des sujets fort pesants, rendus divertissants par ce film léger – trop léger peut-être.

Op rtl.lu konnt ee liesen:[3]

D'Schwieregkeet vum "Bauereblues" war et, fir historesch Dokumenter mat neie Biller ze verbannen. Dat ass net ëmmer gegléckt; et ass sécher interessant, den historesche Kontext gewisen ze kréien, mä et wär sécher och spannend gewiescht, méi iwwert d'Bauere vun haut gewuer ze ginn, virun allem, wou d'Julie Schroell zimlech pittoresk Personnagen erausgesicht huet. Eng Contrainte, mat där d'Julie Schroell och esou hir Problemer hat.

D'Josée Hansen mengt am Lëtzebuerger Land:[7]

Peu inventif visuellement, De Bauere[-]blues prouve définitivement que le documentaire (historique) autochtone est arrivé à un moment crucial de son évolution: né suite à l'appel public à dépôt de films privés et d'amateurs du CNA, ce type de documentaire, après avoir fait le tour de la deuxième guerre mondiale et de l'histoire de la sidérurgie, afin d'en documenter et archiver des traces audiovisuelles, touche à ses limites, esthétiques aussi bien que thématiques. Trop convenus, trop bienveillants peut-être.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. lessentiel.lu: «Bauern haben ihre Identität völlig verloren» (8. November 2011)
  2. 2,0 2,1 woxx.lu: JULIE SCHROELL: Bauer sucht Zukunft vum Christiane Walerich (24. November 2011)
  3. 3,0 3,1 3,2 rtl.lu: "De Bauereblues": Documentaire vum Julie Schroell (9. November 2011)
  4. http://filmprais.blogspot.com/2011/12/de-baureblues.html
  5. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
  6. Bienvenue chez les « Baueren » — «De Bauereblues » vum Sonja Kmec am Forum Nr. 313, Dezember 2011, Säit 42-43
  7. land.lu: Vieilles charrues vum Josée Hansen (18. November 2011)