École de commerce et de gestion - School of business and management

Secondaires- an Héichschoul an der Stad Lëtzebuerg

D'École de commerce et de gestion - School of business and management, bis 2018 Lycée technique école de commerce et de gestion, kuerz ECG, ass eng Secondaires- an Héichschoul um Campus Geesseknäppchen am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg.

École de commerce et de gestion - School of business and management
Den ECG am September 2022
(ECG)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Leedung Joseph Britz
Schülerzuel 333
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Gegrënnt 25. Abrëll 1974
Um Spaweck https://www.ecg.lu

Historique änneren

Duerch d'Gesetz vum 25. Abrëll 1974 gouf d' « École de commerce et de gestion » an d'Liewe geruff.

1979 kënnt en neit Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Beruffsausbildung an den technesche Secondairesschoulen a mam groussherzogleche Reglement vum 13. Juli 1979[1] krut den ECG den neien Numm « Lycée technique école de commerce et de gestion »[2].

Am Schouljoer 1991/1992 goufen am LTECG déi zwou Sektiounen Comptabilité et gestion d'entreprise a Secrétariat-bureautique agefouert, sou datt d'Schoul zanterhier e Brevet de technicien supérieur (BTS) ubitt.

Op der Basis vum Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Organisatioun vun de Lycéeën[3] an dem Règlement grand-ducal vum 25. Juli 2018 ass den Terme « technique » am Numm vun der schoul ewechgefall, sou datt se hiren ursprénglechen Numm nees erëmkrut, mat zousätzlech der englescher Bezeechnung hannendrun. Se heescht zanterhier « École de commerce et de gestion - School of business and management  »[4].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: École de commerce et de gestion - School of business and management – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 21 mai 1979 portant 1. organisation de la formation professionnelle et de l'enseignement secondaire technique 2. organisation de la formation professionnelle continue.. legilux.lu (21.05.1979). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 28 août 1979 transformant (…) l'Ecole de Commerce et de Gestion en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (28.08.1979). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  3. Loi du 25 juin 2004 portant organisation des lycées et lycées techniques. legilux.lu (25.06.2004). Gekuckt de(n) 08.10.2022.
  4. Règlement grand-ducal du 25 juillet 2018 modifiant le règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant (…) l'École de Commerce et de Gestion en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (25.07.2018). Gekuckt de(n) 08.10.2022.