Joseph Keup
De Joseph Keup, gebuer den 21. Mäerz 1891 zu Verviers, a gestuerwen de 5. Abrëll 1981 zu Iechternach,[1] war e lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter.
Joseph Keup | |
---|---|
Gebuer | 21. Mäerz 1891 |
Gestuerwen | 5. Abrëll 1981 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Hie gouf 1917 geweit a war Kaploun zu Diddeleng an zu Déifferdeng, tëscht 1928 an 1931 Paschtouer zu Wolwen, bis 1948 zu Bäerdref a bis 1952 zu Bech-Maacher. 1942 gouf hien am KZ Hinzert, duerno am KZ Dachau inhaftéiert.[2]
Hie war vun 1975 bis zu sengem Doud Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.
De Joseph Keup huet, z. D. ënner dem Pseudonym Monni Joss, Stëmmungs- an Naturlyrik op Lëtzebuergesch geschriwwen, déi en ë. a. an der Nouvelle revue luxembourgeoisse (Academia), Luxemburger Wort, Die Ware, Arts et Lettres, An der Ucht an am Luxemburger Marienkalender publizéiert huet.[2]
Zu Bäerdref[3] an an der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him genannt. Zu Bäerdref beim Maartbësch an zu Boufer bei der Kierch steet e Monument fir un hien z'erënneren.
Wierk
ännerenGesamt-Lyrësch-Wierk. I Rousen an Haartnol. II Sittidee - Sittidee. III Vom Karschnatz gesimmelt nei Gedichter. [préf.: Pierre Grégoire, Fernand Hoffmann]
Referenzen
änneren- ↑ Roger Muller, in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1., S.320.
- ↑ 2,0 2,1 Muller.
- ↑ "Gemeinderatssitzungen - Séances du conseil communal: Sitzung vom Montag den 13. Oktober 2003". De Germengebuet 1/2004.