Joseph Heintz

lëtzebuergeschen Industriellen

De Joseph Heintz, gebuer 1848 a gestuerwen den 2. Oktober 1912, war e lëtzebuergeschen Industriellen an der Zigaretten- an Tubaksindustrie an e Politiker.

Joseph Heintz
Gebuer 1848
Gestuerwen 2. Oktober 1912
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Famill
Papp Jean-Pierre Heintz

De Joseph Heintz war vun 1870 un an der Tubaksfabréck Heintz Van Landewyck beschäftegt, déi vu sengem Papp Jean-Pierre Heintz gegrënnt gi war. Ënner der Leedung vum Joseph huet dem Papp seng Firma en Opschwong kannt a se konnt sech un der Spëtzt vun den deemools ronn zwanzeg Tubaksmanufakturen zu Lëtzebuerg positionéieren.

1887 huet de Joseph Heintz dunn e Fabrécksgebai zu Hollerech kaaft, fir do eng modern Produktiounsanlag opzeriichten. D'Fabréck besteet haut nach op där Plaz an d'Rue Joseph-Heintz erënnert un den Industrielle vun deemools.

Nom Doud vu sengem Papp huet de Joseph 1892 de Betrib iwwerholl an em den Numm "Joseph Heintz van Landewyck" ginn. Zwéi Joer duerno grënnt hien eng Filial fir d'Produktioun vun Zigaren an der Fiels.

1911 mécht de Joseph Heintz aus sengem Betrib eng Société anonyme mam Numm "Manufacture de tabacs, anciennement Jos. Heintz-van Landewyck"; d'Aktie bleiwen all am Familljebesëtz.

De Joseph Heintz war vun 1890 bis 1894 Schäffen an der Stad an duerno, bis 1902, Member vum Gemengerot[1]. Hien ass den 2. Oktober 1912 am Alter vu 64 Joer gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph Heintz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich, 1983. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 14: 28