Jean-Pierre Heintz

lëtzebuergeschen Industriellen

De Jean-Pierre Heintz, gebuer den 29. Dezember 1821 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 30. Oktober 1892, war e lëtzebuergeschen Industriellen, deen d'Zigaretten- an Tubaksfabrik Heintz Van Landewyck gegrënnt huet.[1]

Jean-Pierre Heintz
Gebuer 29. Dezember 1821
Lëtzebuerg
Gestuerwen 30. Oktober 1892
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Famill
Kanner Joseph Heintz

Hien huet sech am Januar 1847 mat der Josephine Van Landewyck (1827-1856) bestuet, dem Kandskand vun engem fréieren hollännesche Majouer deen zu Steebrécken eng Wiertschaft opgemaach hat. Am Juli vum nämmlechte Joer huet hien op Nummer 9 an der Neipuertsgaass eng Manufaktur an e Buttek fir Tubak ënner dem Numm Heintz Van Landewyck opgemaach.

Um Spaweck änneren