Kaiser-Lothar-Preis
De Kaiser-Lothar-Preis ass e Konschtpräis, deen zënter 1958 vun der Europäischen Vereinigung Bildender Künstler aus Eifel und Ardennen (EVBK) an Zesummenaarbecht mat der Stad Prüm vergi gëtt. De Präis ass nom Keeser Lothaire I. benannt.
Geschicht
ännerenAm Zweete Weltkrich gouf d'Regioun vun den Ardennen an vun der Äifel schwéier getraff, och wärend der Ardennenoffensiv. D'Europäische Vereinigung Eifel-Ardennen (EVEA) gouf 1955 gegrënnt fir d'grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze fërderen, ënner anerem duerch d'Opstellung vun Austauschprogrammer fir jonk Leit. 1957 war zu Prüm eng Konferenz vun der EVEA, op déi och Kënschtler invitéiert waren. Dëst huet zu der Grënnung vun der Europäischen Vereinigung Bildender Künstler aus Eifel an Ardennen (EVBK)[1], eng Associatioun vu Kënschtler aus der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg[2].
1957 gouf de Kaiser-Lothar-Preis als Stëftung vun der Stad Prüm an d'Liewe geruff. De Präis gëtt u Kënschtler iwwerreecht, déi un den alljärlechen Ausstellunge vun der EVBK deelhuelen. Eng Jury, déi aus engem President, zwéin EVBK-Verwaltungsmemberen an zwéi Kënschtlermembere besteet, mécht eng Selektioun. Dobäi kuckt s'op den Engagement un der europäescher Iddi souwéi Kontakter an den Nopeschlänner an op d'kënschtleresch Entwécklung vun de Kënschtler. Ier d'Jury e Laureat ernennt, freet se d'Zoustëmmung vum Prümer Gemengerot[3].
Laureaten
änneren- 1958 - Hanns Altmeier
- 1959 - Jupp Kuckartz
- 1960 - Roger Greisch
- 1961 - Michael Reuter
- 1962 - Reinhard Hess
- 1963 - Frantz Kinnen
- 1964 - Jean Thomas Debattice
- 1965 - Alphonse Kraemer
- 1966 - Kurt-Wolf von Borries
- 1967 - François Ambrosini
- 1968 - net verginn
- 1969 - Konrad Schaefer
- 1970 - Josef Geboers
- 1971 - Josef Sanke
- 1972 - Peter Lacroix
- 1973 - Rudi Scheuermann
- 1974 - net verginn
- 1975 - Carlfritz Nicolay
- 1976 - Jean Albert Dupont
- 1977 - Kurt Schwippert
- 1978 - Edmond Goergen
- 1979 - net verginnn
- 1980 - Franz Josef Herold
- 1981 - Denise Manquillet-Schneider
- 1982 - Johann-Baptist Lenz
- 1983 - Emile Olivier
- 1984 - Christel Schneider
- 1985 - Paul Roettgers
- 1986 - Henri-Alain Lesprit
- 1987 - Franz Eichenauer
- 1988 - Adolf Christmann
- 1989 - Joseph Mégly
- 1990 - Franz Kött
- 1991 - Antonia Berning
- 1992 - Ferd Medinger
- 1993 - André Marie-Jean Paquet
- 1994 - Robert George
- 1995 - Fred Schäfer-Schällhammer
- 1996 - Raymond Baro
- 1997 - Gerdi Haas
- 1998 - Joseph Grosbusch
- 1999 - Maurice Potier
- 2000 - Jean Jaques Lucan
- 2001 - Karl-Heinz Hennerici
- 2002 - Pierre Doome
- 2003 - Artur Bozem
- 2004 - Manfred Freitag
- 2005 - Edmée Schmittel
- 2006 - Christoph Mancke
- 2007 - Antonio Máro
- 2008 - Marie Madeleine Bellenger
- 2009 - Franz-Josef Kochs
- 2010 - Johannes Wickert
- 2011 - Dieter Alexandnet
- 2012 - net verginn
- 2013 - Ursula Hülsewig
- 2014 - Franziskus Wendels
- 2015 - Anna Recker
- 2016 - Werner Bitzigeio
- 2017 - Margot Sperling
- 2018 - Gerty Haas-Crasson
- 2019 - Martin Schöneich
- 2020/2021 - Hans Dieter Ahlert
- 2022 - Frank Buchna
- 2023 - Anja Maria Strauss
- 2024 - Sebastian Böhm
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Geschichte, EVBK.
- ↑ "Kaiser-Lothar-Preis der Stadt Prüm", Kulturpreise.de.
- ↑ Kaiser-Lothar-Preis, EVBK.