De Michel Breithoff, gebuer den 28. Abrëll 1923 zu Bäreldeng a gestuerwen den 12. Oktober 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Restaurateur, deen als Karikaturist ugfaangen hat.

Michel Breithoff
Gebuer 28. Abrëll 1923
Bäreldeng
Gestuerwen 12. Oktober 1996
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Nom Krich, wärend dem hien dat Viischt vu sengem rietsen Aarm verluer hat, goung hien dräi Joer op d'Académie des Beaux Arts op Bréissel a duerno op d'École Nationale Supérieure des Beaux-Arts op Paräis. Dee Studium krut hie vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte finanzéiert.
Bekannt si seng schwaarz-wäiss Tuschzeechnungen, wéi Bauerenhäff aus sengem Duerf Zéisseng, Vue vun Hollerech, Paräisser Brécken, Portraiten an Aktzeechnungen.

1970 huet hien, zesumme mam Gust Graas, de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.

Kuckt och änneren