Johann Philipp Bettendorff
De Johann Philipp Bettendorff[2], gebuer de 25. August 1625 zu Lëntgen, a gestuerwen de 5. August 1698 zu Belém a Brasilien, war e lëtzebuergesche Missionnaire, Moler an Auteur[3],[4].
Johann Philipp Bettendorff | |
---|---|
Gebuer |
25. August 1625 Lëntgen |
Gestuerwen | 5. August 1698 |
Aktivitéit | Moler |
Liewen
ännerenSäi Papp war de Matthieu Andreae Bettendorff, Friddensriichter a Buergermeeschter vu Lëntgen ënner der Autoritéit vun der Abtei Sankt Maximin Tréier.
De Johann Philipp Bettendorff huet an Italien Zivilrecht a Konscht studéiert an ass bei senger Promovéierung mat 22 Joer dem Jesuittenuerde bäigetrueden. Op Aluedung vum Pater Antonio Vieira geet hie 1661 als Missionnaire an d'Amazonasgebitt a Brasilien, wou hie vun elo un e Portugiseschen Numm dréit: João Felipe Bettendorff. Hie kënnt den 20. Januar 1661 am Maranhão un. Geschwë gëtt hien op Belém geschéckt, vu wou aus hien déi Dierfer ronderëm missionéiert. Am Optrag vum Pater Vieira huet hien den 22. Juni 1661 d'Duerf vun den Tapajós-Indianer gegrënnt, aus deem méi spéit d'Stad Santarém erauswiisst. Vu 1669 bis 1674 an tëscht 1690 an 1693 dirigéiert hien d'Missiounen. 1674 gouf hien Direkter vum Kolléisch vu Maranhão.[5]
De Pater Bettendorff huet a senge Schrëften engersäits d'Versklavung vun der indigeener Bevëlkerung deelweis kritiséiert, anerersäits awer bedauert, datt d'Siidler eng 900 "gesond a kräfteg Schwaarzer aus Angola" vun engem hollännesche Schëff wéinst engem Handelsverbuet mat Holland net kafe konnten.[6]
De João Felipe Bettendorff huet als ee vun den éischten Europäer d'Tupisprooch geléiert, erfuerscht an opgeschriwwen an e Katchëssem op Tupi verfaasst. Fir senger Missiounstatioun bei den Tapajós en Akommes ze sécheren, huet hien de Kakaoubau do agefouert. Déi Planz staamt zwar aus Südamerika, si gouf awer virun allem a Mëttelamerika ugebaut, wou d'Azteke s'als hellegt Geschenk vum Gott Quetzalcoatl ugesinn hunn. De Bettendorff huet och als éischten Europäer d'Wierkung vun der Guarana-Planz beschriwwen, déi méi een héije Coffeingehalt wéi de Kaffi huet. Hie gëllt als Grënner vun de Stied Santarém am Bundesstaat Pará a Parintins am Bundesstaat Amazonas). De Johann Philipp Bettendorf huet eng Chronik vun de Jesuittemissiounen am Amazonasgebitt geschriwwen, déi haut eng Fondgrouf ass net nëmme fir Kiercherechtler a Missiounstheologen, mä och fir Ethnologen, Biologen, Historiker a Soziologen.
Nom Bettendorff genannt
änneren- Medalha Pe. João Felipe Bettendorf: eng Medail fir Verdéngschter vun der Gemeng Santarém.
- Rue Père Bettendorff: eng Strooss zu Lëntgen
Publikatiounen
änneren- Bettendorf, João Felipe, 1910. Crônica dos Padres da Companhia de Jesus no Estado do Maranhão. liii + 697 S. J. Leite, Rio de Janeiro.
- Bettendorf, João Felipe, 1990. Crônica dos Padres da Companhia de Jesus no Estado do Maranhão. 2. Oplo, liii + 697 S. Belém: Fundação Cultural do Pará Tancredo Neves: Secretaria de Estado da cultura.
Literatur
änneren- Arenz, Karl-Heinz, 2007. Une lettre du père Jean-Philippe Bettendorff de la Mission jésuite en Amazonie. Hémecht Jg. 59, H. 3: 273-308.
- Arenz, Karl-Heinz, 2008. De l'Alzette à l'Amazone: Jean-Philippe Bettendorff et les jésuites en Amazonie portugaise (1661-1693). Publications de la section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg 120. 801 S. Dréckerei Linden, Lëtzebuerg.
- Bost, Bodo, 2005. Johann Philipp Bettendorf SJ (1625 - 1698) aus Lintgen, Brasilien-Missionar und "Global Player": Ein Sonderforschungsprojekt der Universität Mainz gibt neue Auskunft über die Rolle Luxemburger Jesuiten des 17./18. Jahrhunderts beim Missionswerk in der Neuen Welt. Heimat und Mission, Jg. 79(2005), Nr. 7/8/9, 7. August 2005, S. 21-26.
- Bost, Bodo, 2005. Johann Philipp Bettendorf S.J. (1625-1698): "erster Jesuitenmissionar am Oberlauf des Amazonas". Hémecht Jg. 57(2005), H. 1: 55-102.
- Bost, Bodo, 2005. Johann Philipp Bettendorf SJ (1625 - 1698): der aus Lingten gebürtige Missionspionier gilt als Entdecker der Guaranápflanze und Gründer der Stadt Santarém in Brasilien. Die Warte Année 57(2005), n° 2 = n° 2100 (13. Januar), p. [1+2]. Luxembourg.
- Bost, Bodo, 2006. Ein Hort der Mythen und Freiheitsbewegungen: Jean Soublin beschreibt in seinem Geschichtsroman über den Amazonas die Geschichte aus der Sicht der Indios und "Caboclos": auf den Spuren des Luxemburger Jesuiten Johann Philipp Bettendorf. Die Warte Année 58(2006), n° 8 = n° 2143 (9. März), p. 5. Luxembourg.
- Bost, Bodo, 2008. Ein Luxemburger am Amazonas: Pater Bettendorff (1625 - 1698) aus Lintgen war Missionsgründer und der erste residierende Jesuitenmissionar am Amazonas. Luxemburger Marienkalender Jg. 127: 71-76. Luxemburg.
- Bost, Bodo, 2010. Missionär und Amzonaspionier: Johann Philipp Bettendorff (1625 - 1698) SJ: eine prägende Rolle des Ordensmann aus Lintgen. Die Warte Année 62(2010), n° 29 = n° 2307 (21a Oktober), p. 11. Luxembourg.
- Bost, Bodo, 2011. 350-jährige Stadt Santarém feiert. Luxemburger Jesuit Johann Philipp Bettendorff als Gründer. Luxemburger Wort, Die Warte, 16. Juni 2011, S. 17-19.
- Bost, Bodo, 2011. Von der Alzette zum Amazonas: Jesuit Johann Philipp Bettendorff in Brasilien: Ankunft des Luxemburgers im südamerikanischen Land vor 350 Jahren nach einer abenteuerlichen Odyssee. Die Warte Année [63](2011), n° 3 = n° 2317 (20. Januar), pp. 10–11. Luxembourg.
- Bost, Bodo, 2015, Indianisches Erbe bewahren: Steigendes Interesse am Wirken des Luxemburger Jesuitenpaters aus Lintgen. Die Warte, n° 312|2469, 2. Abrëll 2015, S. 2-3.
- Bost Bodo, 2022, Im brasilianischen Santarém, Monument eines Luxemburger Jesuitenpaters soll verschwinden, wort.lu. 1. Oktober 2022; Ein Luxemburger Stadtgründer in Brasilien, Polemik um das Monument des Luxemburger Jesuitenpaters Johannes Philippus Bettendorff. Die Warte n° 27|2733, 6. Oktober 2022, S. 4-5.
- Codina, María Eugenia, 2000. La Crónica del P. Betendorf: un misionero del siglo XVII en el Amazonas portugués. In: Un Reino en la Fronteralas misiones jesuitas en la América Colonial. Lima: Abya-Yala ; 2000. P. 229-242.
- Franck, Fernand & Bodo Bost, 2008. João Felipe Bettendorff 1625 - 1698: de l'Alzette à l'Amazone - un jésuite luxembourgeois au Brésil: catalogue de l'exposition. Impr. Saint-Paul. 19 p. ISBN 978-2-9599712-4-2.
- Hausemer, Georges, 2006. Luxemburger Lexikon: das Grossherzogtum von A - Z. Luxemburg. Éditions Guy Binsfeld. 478 S. ISBN 978-2-87954-156-3. [Johann Philipp Bettendorff: S. 48]
- Jaeckel, Volker, 2007. Von Alterität, Anthropophagie und Missionierung: der Einfluss der Jesuiten auf die kulturelle Identität Brasiliens in der Kolonialzeit (1549 - 1711). Stuttgart: ibidem-Verlag. 248 S.
- Kmec, S. & T. Kolnberger, 2010. Liegt Denkmalschutz nur im Auge des Betrachters? Eine Reportage über Baufortschritt und historische Authentizität. Forum 301: 47-49. PDF
- Pessoa Jorge Oudinot Larchier, Maria-Madalena, 2007. Le père Bettendorff, missionnaire dans l'État du Maragnon (Brésil) au XVIIè siècle. pp. 229–234 in: Le face-à-face des dieux: missionnaires luxembourgeois en outre-mer. Bastogne: Musée en Piconrue.
Kuckt och
änneren- Aner bekannt Lëtzebuerger Jesuitten
- François-Xavier de Feller (1735-1802)
- Jean-Baptiste Kremer (1869-1927)
- Jean-Claude Hollerich (*1958)
- Schrëftstellerheem Bellevue vun den däitsche Jesuitten an der Stad Lëtzebuerg (1899-1911)
Um Spaweck
ännerenCommons: Johann Philipp Bettendorff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Dem Bettendorff säi Gebuertshaus zu Lëntgen op mywort.lu, 2010 [1]
Referenzen
änneren- ↑ D'Gebai steet zanter 1989 um Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter.
- ↑ Säi Familljennumm gëtt dacks just mat engem f geschriwwen.
- ↑ Cf. den Artikel op der portugisescher Wikipedia, wou ze liesen ass, datt hie Molereien an dräi Kierchen hannerlooss soll hunn: d'Kierchen zu Gurupatuba an zu Tapajós (Staat Pará) an d'Kierch zu Inhaúba (Maranhão).
- ↑ Cf. d'Säit iwwer de Bettendorff op der Homepage vun der Stad Santarém: https://web.archive.org/web/20161125111810/http://www.santarem.pa.gov.br/conteudo/?item=204&fa=194&cd=310&menu=Vultos+Hist%F3ricos
- ↑ Cf. A escrita jesuítica da história das missões no Estado do Maranhão Grão-Pará (século XVII). Célia Cristina da Silva Tavares, Universidade do Estado do Rio de Janeiro. https://web.archive.org/web/20110522102809/http://cvc.instituto-camoes.pt/index.php?option=com_docman&task=cat_view&gid=76&Itemid=69
- ↑ Schmitz Yves, 2024, "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht", Esch/Uelzecht, Miersch, Richtung 22, capybarabooks, S. 73-74.