François-Xavier de Feller

Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De François-Xavier de Feller, gebuer den 18. August 1735 zu Bréissel vun Elteren aus Lëtzebuerg, gestuerwen den 23. Mee 1802 zu Regensburg, war Auteur, Schrëftsteller, Editeur a Geeschtlechen.

François-Xavier de Feller
Pseudonym Flexier de Réval, abbé Flexier de Réval
Gebuer 18. August 1735
Bréissel
Gestuerwen 23. Mee 1802
Regensburg
Nationalitéit Éisträichesch Nidderlanden
Aktivitéit Historiker, Theolog, kathoulesche Priister

Hien ass an de Jesuittenuerden agetrueden, an huet am Kolléisch zu Lëtzebuerg enseignéiert. Hien huet a verschiddene Klouschterbibliothéike weiderstudéiert, huet zu Léck gepriedegt an huet 1773 d'Redaktioun vum Journal historique et littéraire iwwerholl, deen zu Lëtzebuerg erauskoum. De Jousef II. huet dës Zeitung 1788 verbueden, wouropshin den de Feller op Maastricht geplënnert ass, fir se vun do aus virun eraus kënnen ze ginn.

1790 gouf e Conseiller vum Äerzbëschof vu Mechelen, dem Kardinol de Frankenberg. Wéi 1794 franséisch Truppen an d'Speunesch Nidderlanden amarschéert sinn, ass den de Feller an Däitschland gaangen; fir d'éischt op Paderborn, wou en de bëscheeflechen Diözesan-Kolléisch geleet huet, an 3 Joer drop (1797) op Regensburg, wouhinner e vum Prënzbëschof vun do invitéiert gi war. Do huet hie bis un d'Enn vu sengem Liewe gelieft.

De François-Xavier de Feller war deen éischten, deen erausfonnt huet, datt dat, wat a Siwebiergen an zu Lëtzebuerg geschwat gouf, sech zimmlech geglach huet.

Fir un den de Feller z'erënnere gouf zu Bouneweg an der Stad eng Strooss no him genannt: d'Rue Xavier-de-Feller.

Réflexions sur les 73 articles du Pro Memoria, 1789

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: François-Xavier de Feller – Biller, Videoen oder Audiodateien