Jean Souvignier

lëtzebuergesche Bauer a Politiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Souvignier, gebuer de 16. Abrëll 1847 zu Biissen, an do gestuerwen de 4. Januar 1908[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Jean Souvignier
Gebuer 16. Abrëll 1847
Biissen
Gestuerwen 4. Januar 1908
Biissen
Nationalitéit Lëtzebuerg

Hie war vu Beruff Bauer a Mëller. 1873 gouf hie fir d'éischt an de Gemengerot vu Biissen gewielt. Dat Joer drop gouf e Schäffen, an 1882 Buergermeeschter. Hie blouf dat bis zu sengem Doud.

Vun 1878 bis 1884 a vun 1890 bis 1896 war hien zousätzlech Deputéierten an der Chamber.

1903 war hie Matgrënner an Aktionär vun der Société anonyme générale des eaux minérales de Bel-Val.[Source?]

Als Erënnerung un hie gouf zu Biissen eng Strooss no him genannt.[2]

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. (de)Bissen. viewer.eluxemburgensia.lu 4. Obermosel-Zeitung (7. Januar 1908). Gekuckt de(n) 2024-09-06.
  2. Quell, wou net anescht uginn: „Äis Stroossennimm (6)“. In: Klautjen. Gemengeblad[sic] Biissen Nr. 6 (2008), S. 2.
  3. (fr)Memorial N°51. viewer.eluxemburgensia.lu (24. Juli 1902). Gekuckt de(n) 6. September 2024.