De Jean de Wiltheim ass 1558 zu Sankt Vith gebuer an de 5. Januar 1636 an der Stad gestuerwen. Hie gouf an der Méchelskierch begruewen. Seng Eltere waren den Nicolas Wiltheim an d'Catherine Flade.

Jean de Wiltheim
Gebuer 1558
Gestuerwen 5. Januar 1636
Aktivitéit Jurist
Famill
Kanner Alexandre Wiltheim, Jean Guillaume Wiltheim, Eustache de Wiltheim

Seng Eltere si fréi gestuerwen. Mat 12 Joer war hie Weesekand. Eng Damm vu Samrée huet sech ëm de jonke Jean gekëmmert an hie goung op Huy an op Léck an d'Schoul. Hien huet do op sech opmierksam gemaach, a gouf e Protégé vum Jean de Naves, Här vu Messancy.

1585 gouf hie Greffier um Conseil Provincial zu Lëtzebuerg a spéider gläichzäiteg Privatsekretär vum Gouverneur Péiter Ernest vu Mansfeld. Hie war den éischte vun de Wiltheimer dee sech definitiv zu Lëtzebuerg néiergelooss huet.

1585 huet hien d'Marguerite Brenner an der Buerg Veianen bestuet a si hunn zesummen 10 Kanner op d'Welt gesat. Hie war gutt situéiert. Der Gidderzielung vum 30. Juni 1605 no, hat hie Besëtzer zu Aassel, Duelem, Fëlschdref, Nëttel, Rolleng, Uewer-an Nidderaanwen, Waldbriedemes a Rued-Sir. Ausserdeem hat hien d'Herrschaft iwwer Manderen. Hien huet de Jesuittepatere vill gehollef fir sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.

1627 gëtt hien, säi Brudder Guillaume a seng Jongen Eustache, Jean a Christophe, vum Keeser Ferdinand II. geadelegt. Seng aner Jongen, de Jean-Guillaume, de Jean-Gaspard an den Alexandre Wiltheim, déi an de Jesuittenuerden agetruede waren, krute keen Adelstitel.