Jean-Pierre Flohr

lëtzebuergeschen Auteur an Haffkommissar

De Jean-Pierre Flohr, gebuer den 1. Juni 1875 zu Lëtzebuerg an och do den 9. Mee 1935 gestuerwen, war den éischte Lëtzebuerger dee 'Kommissar' um Groussherzoglechen Haff ernannt gouf.

Jean-Pierre Flohr
Gebuer 1. Juni 1875
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Mee 1935
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Musekskritiker

Dem Flohr säi Papp war Postperzepter a sou huet hien och, no sengem Studium um Stater Kolléisch, 1896 eng Carrière bei der Post ageschloen. 1910 krut hien dann déi héich Funktioun vum Haffkommissar an ënnerstoung sou direkt dem Haffmarschall[1].

De Jean-Pierre Flohr huet eng wichteg Roll am Musekliewe vun der Stad Lëtzebuerg gespillt, wou hien d'Leedung vun der Société de Philharmonie hat a Musekkritiken an der Luxemburger Zeitung publizéiert huet. Hie war am Kommitee vum Casino bourgeois, Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal, Member an der Alliance française an och an der "Société des treize".

Kriegstagebuch eines Neutralen änneren

Bekannt gouf de Jean-Pierre Flohr duerch säi Kriegstagebuch eines Neutralen, dat hien nom Éischte Weltkrich an zwéi Bänn, ënner dem Pseudonym J.-P.F., erausginn huet.

Duerch seng Positioun um Haff souz hien natierlech an der éischter Rei fir iwwer d'politesch Evenementer zu Lëtzebuerg ze beriichten. Hie behandelt awer och d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, déi ënner dem Krich gelidden huet. Besonnescht d'Liewensmëttelknappheet, an déi doduerch entstanen Hongersnout, gëtt ëmmer nees beschriwwen. Bei Déngschtreesen no Bayern, wou d'Groussherzoglech Famill grouss Proprietéiten hat, vergläicht hien d'Situatioun vun de Leit do mat deenen zu Lëtzebuerg a stellt fest, datt et den Däitsche besser geet wéi de Lëtzebuerger.

A sengem Dagbuch, dat en eréischt am Abrëll 1915 ufänkt, schreift hien als Introduktioun:

Mein Tagebuch beginne ich erst heute, am Anfang des neunten Kriegsmonates, in der Hoffnung, durch die niedergeschriebenen Zeilen dem inneren Drucke Erleichterung zu verschaffen. In den ersten Kriegsmonaten hatte die Mutlosigkeit die Oberhand. Überwältigt von dem ungeheuerlichen Geschehen, war es nicht möglich, eingermaßen ruhigen Sinnes in dieses Chaos hineinzusehen. Nun hat die Zeit die aufgepeitschten Gefühle etwas besänftigt.

Den 2. August 1915, dem Joresdag vun der Invasioun vun den däitschen Truppen zu Lëtzebuerg, kuckt hien op d'Zäit vum August a September 1914 zeréck, a beschreift déi éischt Deeg vun der Besatzung, wou déi Däitsch gläich mat de Verhaftungen ufänken: vum Editeur vum Tageblatt, Paul Schroell, vum Journalist Frantz Clément, vum President vun der Alliance Française, Alfred Houdremont an en ettlech aneren, déi verdächtegt gi Spionage fir Frankräich ze maachen. Hei sträift hien och de Séjour vum Keeser Wilhelm II, dee vum 6. bis den 28. September 1914 säin Haaptquartéier[2] zu Lëtzebuerg opgeschloen hat, ier e mat sengem Tross op Charleville-Mézières weidergezunn ass.

Publikatiounen änneren

  • Kriegstagebuch eines Neutralen in Luxemburg-Stadt. Flüchtig niedergeschriebene Aufzeichnungen und Stimmungen von J.-P. F; Imprimerie du «Journal d'Esch», 1921.
  • Kriegstagebuch eines Neutralen in Luxemburg-Stadt. Flüchtig niedergeschriebene Aufzeichnungen und Stimmungen von J.-P. F, II. Teil mit Illustrationen, Die Nachkriegszeit; Imprimerie du «Journal d'Esch», 1921.

Gielercher[3] änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Haffmarschalle waren zu där Zäit ëmmer däitsch Adleger.
  2. Offiziell Bezeechnung: Großes Hauptquartier. Mat dobäi waren ënner anerem de Räichskanzler Theobald von Bethmann Hollweg, de Staatssekretär Gottlieb von Jagow, dee virdru vun 1907 bis 1909 Gesandten zu Lëtzebuerg war; de Groussadmirol Alfred von Tirpitz; de Chef vum Großen Generalstab, de Generol a spéidere Generolfeldmarschall Karl von Bülow, an dees méi.
  3. Doudesannonce vum Jean-Piere Flohr am Luxemburger Wort vum 9. Mee 1935 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-09.
  4. Memorial A N° 4 vun 1923 mat der Lëscht vun de Leit déi 1923 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen