De Jean-Louis ("Jean-Lou") Siweck, gebuer den 12. Dezember 1970 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Journalist. Hien ass vum 16. September 2021 un Direkter vum Radio 100,7 [2]. Virdru war hie vum 1. Mee 2018 u Generaldirekter vun Editpress, wou hien Nofollger vun der Danièle Fonck gouf.[3] Nach virdru war hie vun November 2013 bis September 2017 Chefredakter vum Luxemburger Wort.

Jean-Louis Siweck
Gebuer 12. Dezember 1970
Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

De Jean-Lou Siweck huet Journalistik op der Université libre de Bruxelles studéiert. Duerno war hien um Collège d'Europe zu Bruges.

Vun 1998 bis 2000 a vun 2002 bis 2004 huet hie fir d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land geschafft. Dertëscht war hien e Joer am Generalsekretariat vun der Banque générale du Luxembourg[4] an dono Redakter an der Dageszeitung Le Quotidien. Vun 2004 bis Oktober 2013 war e wirtschaftleche Beroder vum Premierminister Jean-Claude Juncker. Den 1. November 2013 gouf hien zum Chefredakter vum Luxemburger Wort ernannt.[5].

Enn September 2017 huet hien, no Divergenze mam Verwaltungsrot zur Ligne éditoriale, d'Wort verlooss[6] an ass zanter dem 1. November nees Conseiller am Staatsministère[7]. Den 19. Januar 2018 gouf hie vum Ministerrot an de Verwaltungsrot vum Radio 100,7 genannt[8], wou hien den 30. Mäerz 2018 vum Jacques Thill ofgeléist gouf[9].

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche biographique op paperjam.lu.
  2. Jean-Lou Siweck als Direkter vum radio 100,7 nominéiert. Gekuckt de(n) 26. Juli 2021.
  3. "Jean-Lou Siweck à la direction d'Editpress." paperjam.lu, 12 Mars 2018, 19:30.
  4. "Die Führungsebene" op bgl.lu, gekuckt: 2013-11-08.
  5. "Kritisch und unabhängig - aber nicht wertelos." wort.lu, 2013-11-08, 13h00:09.
  6. "Jean-Lou Siweck quitte le Luxemburger Wort." wort.lu, 21. September 2017 um 16:30.
  7. ""De Jean-Lou Siweck ass zeréck op sengem ale Posten." rtl.lu, 06.11.2017, 18:01:22.
  8. "Jean-Lou Siweck im Verwaltungsrat von Radio 100,7." Wort.lu vum 19.1.2018
  9. Arrêté vun der Nominatioun vum Jacques Thill
  10. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.