Jean-Louis Gindt

Lëtzebuerger Theolog

De Jean-Louis Gindt, gebuer den 1. November 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Professer an Theolog. Hien ass bestuet a Papp vun enger Duechter a vum Raphael Gindt.

Jean-Louis Gindt
Gebuer 1. November 1959
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog, Professer, Wikipedianer
Famill
Kanner Raphael Gindt

Biographie

No senger Première am Escher Jongelycée 1979, huet hien op der Universitéit Stroossbuerg II, deemools université des sciences humaines, kathoulesch Theologie studéiert a säi Studium mat engem DEA (diplôme d'études approfondies) an der Theologie ofgeschloss.

Vu September 1984 bis zu senger Pensionéierung den 1. Oktober 2020 huet hien am Kolléisch enseignéiert. Nieft dem Reliounsunterrecht a VieSo, huet hien och Dactylo op Basis vun engem eegenen Online-Cours[1] a Webpublishing als eng Form vun ugewannter Informatik enseignéiert. Vun 2014 bis zu senger Pensionéierung war hie responsabele Professer fir d'Éischt Hëllef Team Kolléisch.

Vun 1987 bis 1990 war hie fräie Mataarbechter an der Kulturredaktioun vum Luxemburger Wort.

Hie war zanter 2003 benevole Mataarbechter bei der Léierplattform rpi-virtuell[2]. Hei schafft hie besonnesch mat am Beräich Online-Lernen, dem Asaz vun den neien informatesche Medien am Déngscht vum Léieren. An deem Kader ass och d'eXpedition-Léiermethod entstanen, déi hien zesumme mat rpi-virtuell entwéckelt huet[3]. De Jean-Louis Gindt ass och Curateur vum virtuelle Musée, der rpi ! Artothek[4]. Dëser Artothéik geet et drëm zäitgenëssesch Konscht ze weisen, déi sech mat Relioun, Spiritualitéit an dem Sakralen auserneesetzt. An enge 50 virtuelle Raim si méi wéi 500 Konschtwierker ze gesinn.

De Jean-Louis Gindt huet och bei der Léierplattform vum Educatiounsministère mySchool matgeschafft, déi 2016 ofgeschalt an duerch en neit Portal ersat gouf[5] a versteet sech als Wikipedianer[6].

A senger Fräizäit ass hien als passionéierten Daucher och CMAS-Instrukter. Zanter 2019 ass hie President vum Comité Technique vun der Lëtzebuerger Dauchfederatioun FLASSA.

Publikatiounen (Auswiel)

 
Die Dienste der Kirche in Luxemburg an den Jugendlichen, 1991, Online-Versioun
  • 1983, GINDT, J-L, Des ministères pour les laïcs? Analyse d'une enquête auprès de 450 "Gottesdiensthelfer/GH" du Grand-Duché de Luxembourg, Strasbourg – bibnet.lu
  • 1991, GINDT, J-L, Die Dienste der Kirche in Luxemburg an den Jugendlichen, Situationsanalyse der Beziehungen zwischen Jugendlichen und Kirche unter Mgr. Jean Hengen und pastoraltheologischer Versuch eines Konzeptes für die kirchliche Arbeit unter Jugendlichen, 300 S. – bibnet.lu
  • 1999, KÜNG, H, GINDT, J-L, PAWLOWSKI, H,: "Credo": für Zeitgenossen des 21. Jahrhunderts, Zusammenfassung, Oberursel, Publik-Forum – bibnet.lu
  • Weider Publikatiounen op senger Internetsäit

Um Spaweck

Referenzen

  1. DactylOnline
  2. Die überkonfessionelle Plattform für Religionspädagogik und Religionsunterricht rpi-virtuell
  3. eXpedition - Interaktiv lernen!
  4. Artothek bei rpi-virtuell
  5. mySchool le portail intranet de l'éducation
  6. Jean-Louis Gindt, Die Arbeit mit Wikis Gearchiveerd op 2020-08-09. Gekuckt de(n) 2018-02-05.