Fédération luxembourgeoise des activités et sports sub-aquatiques

Lëtzebuerger Verband vun den Ënnerwaasseraktivitéiten
Fédération luxembourgeoise
des activités et sports sub-aquatiques


Grënnung: 29. September 1972
COSL Affiliatioun: 26. Januar 1974
CMAS Affiliatioun: 7. Mäerz 1974
President: Raymond Adam
Veräiner: 18 (2020)
Lizenzen: 750 (2020)
Agreéiert Moniteuren: 65 (2022)[1]

D'Fédération luxembourgeoise des activités et sports sub-aquatiques, ofgekierzt FLASSA, ass de Lëtzebuerger Verband vun den Ënnerwaasseraktivitéiten, besonnesch dem Dauchsport, awer och der Apnée an dem Ënnerwaasserrugby. D'Federatioun, déi als A.s.b.l. constituéiert ass[2], regroupéiert 18 Clibb.[3], déi am Joer 2020 zesummen eng ronn 750 lizenzéiert Memberen haten.

Geschicht änneren

D'Geschicht vum Dauchen zu Lëtzebuerg geet zeréck op den Uewersauer Stauséi, deen d'Resultat vum Bau vum Barrage Esch-Sauer ass, deen am Joer 1957 fäerdeg gouf. Deemools sinn déi éischt Daucher do ënner Waasser gaangen, nodeems si schonn am Ausland gedaucht waren[4]. Am Joer 1963 koum et zur Grënnung vum éischten Dauchclub am Land, dem Sub Aqua Club Lëtzebuerg, gefollegt vun der ERA Esch am Joer 1970, dem Sub Aqua Sport Dudelange 1972, dem Sub Aqua Sport Wiltz, dem Sub Aqua Club Esch, dem Dauphin Ettelbrück an dem Cercle Nautique Pétange. Déi puer Moniteuren, déi et gouf, hate sech a Frankräich forméiert an déi éischt Breveten, déi ausgestallt goufen, ware franséischer. D'Clubaktivitéiten hunn haaptsächlech ronderëm d'Dauche gedréint, mä et ass och mat de Flosse geschwomme ginn. De Stater Club SACL hat éischtklasseg Schwëmmer, déi sech national an international konnte weise loossen, an hunn zum Beispill op de Boucles de la Marne oder op der Descente de la Seine deelgeholl. Jorelaang gouf zu Lëtzebuerg de Mille Marin (1.852 m) geschwommen. D'Schwëmmer vum Cercle Nautique Pétange waren 1982 op der Weltmeeschterschaft vum Flosseschwammen zu Moskau derbäi. Bis haut nach, organiséiert de Sub Aqua Sport Dudelange all Joer de Challenge Hartmann mat Epreuve mat Flosseschwammen a mat Dauchausrëschtung. Och sinn an den éischte Jore Concoursen am Orientéierungsdauchen organiséiert ginn. Am Ausland ass u Concourse vun Ënnerwaasserfësche matgemaach ginn.[5]

Op Initiative vum Commissaire du Gouvernement à l'Education Physique et aux Sports, dem Camille Polfer, an dem Guy Le Gloan war den 29. September 1972, d'Seance Constitutive vun der FLASSA um Institut National des Sports mat Vertrieder vum Sub Aqua Club Luxembourg an der ERA Esch. D'Statute vun der FLASSA, datéiert op den 29 September 1972, si vum Guy Le Gloan, Raymond Fischbach, Paul Beiler, Romain Hornick, Richard Brandenburger an Eugène Schnell ënnerzeechent, a goufen op der éischter Assemblée Générale Constituante, de 29 Januar 1973 ugeholl[6]. Nodeems och nach aner Daucher sech a Frankräich als Moniteur ausbilde gelooss haten, konnt dunn d'FLASSA zanter 1973 hir eege Breveten ausstellen.

Iwwert d'Joren ass d'FLASSA gewuess an d'Zuel vun de Clibb an hire Memberen ass an d'Luucht gaangen.

Struktur änneren

De Verband besteet aus verschidden Organer dorënner e Conseil d'Administration, e Comité Technique, a verschidde Kommissiounen , z. B. d'Commission Médicale.

Presidenten änneren

Numm Joren
Romain Hornick 1972 - 1973
Raymond Fischbach 1973 -
Richard Brandenburger
Erny Welter
Lucien Allard
Roland Disiviscour 1996 - 2001
Fred Wadlé 2001 - 2005
Jean Daleiden 2005 - 2009
Johny Polfer (Interim) 2009 - 2010
Remy Mousel 2010 - 2018
Raymond Adam 2018 - haut

Aktivitéiten änneren

An Zesummenaarbecht mat der École nationale de l'éducation physique et des sports (ENEPS) organiséiert de Comité Technique d'Formatioun vun de Formateuren, déi sech iwwer verschidden Niveauen opdeelen:

  • Formatioun Kid's Coach - Plongée Subaquatique (LUXQF1)
  • FLASSA M1 – Moniteur CMAS 1 Stär - Basisformatioun (LUXQF3)
  • FLASSA M2 – Moniteur CMAS 2 Stären - Mëttelst Formatioun (LUXQF4)
  • FLASSA M3 – Moniteur CMAS 3 Stären - Iewescht Formatioun (LUXQF5)

All dës Formatioune stinn am Aklang mat dem neie Groussherzogleche Reglement vum 20. Mee 2021 iwwer d'Sportsaktivitéiten.[7]

Déi praktesch Deeler vun de Formatioune ginn op verschiddene Plazen am Waasser ofgehalen, sou zum Beispill am Centre Aquatique vun der Coque, an der Base Nautique zu Lëlz an am CREPS Provence-Alpes-Côte d'Azur zu Antibes a Frankräich.

D'FLASSA stellt follgend Dauchbreveten aus:

  • P1 - Daucher CMAS *
  • P2 - Daucher CMAS **
  • P3 - Daucher CMAS ***

D'FLASSA bitt och nach dës Spezialisatiounsbreveten un:

Spezialisatioune fir Daucher Spezialisatioune fir Moniteuren
N1 - CMAS Nitrox Daucher N3 - CMAS Nitrox Instructor
N2 - CMAS Avancéierten Nitrox Daucher N4 - CMAS Advanced Nitrox Instructor
B1 - CMAS Nitrox Gas Blender Daucher B2 - CMAS Nitrox Gas Blender Instructor
R1 - CMAS Semi-Closed Circuit Rebreather Diver R2 - CMAS Semi-Closed Circuit Rebreather Instructor
R3 - CMAS Closed Circuit Rebreather Diver S2 - CMAS Sidemount Instructor
S1 - CMAS Sidemount Diver E2 - CMAS Children Diver Instructor
E1 - CMAS Assistent am Kannerdauchen E3 - CMAS Children Diving Training Instructor
D1 - CMAS Dréche-Kostüm-Daucher D2 - CMAS Dry Diving Suit Instructor

Fir Kanner tëschent 8 a 14 Joer gëtt et dës Breveten:

  • J1 - Junior 1 - CMAS Delfin Bronze
  • J2 - Junior 2 - CMAS Delfin Sëlwer
  • J3 - Junior 3 - CMAS Delfin Gold

Clibb änneren

Aktiv Clibb änneren

Numm vum Club Grënnungsjoer Link
Athena Divers 2014 athenadivers.lu
Amicale Sportive des Cheminots Plongeurs
Amicale du Groupe de Sauvetage Aquatique 1997 tauchen.lu
Cercle de Plongée de la Police Grand-Ducale
Cercle de Plongée Octopus Diekirch   octopus.lu
Cercle Nautique de la Commune de Pétange   1980 cnp.lu
EIB Diving Club 2020
ERA Plongée 1970 era-plongee.lu
Hämelmaous Divers Echternach haemelmaousdivers.com
Luxembourg Freedivers 2021 luxembourg-freedivers.lu
Plongeurs Differdange 1985 pld.lu
StauDivers Stroossen staudivers.lu
Sub Aqua Club Esch-sur-Alzette 1976 sace.lu
Sub Aqua Club Luxembourg 1963 sacl.lu
Sub-Aqua Club Rédange/Attert 1989 subaqua-redange.lu
Sub Aqua Club Wiltz 1976 sacw.org
Sub-Aqua Sport Dudelange 1972 sasd.lu
Underwater Rugby 2014 uwr.lu

Deemoleg Clibb änneren

Numm vum Club Grënnungsjoer Link
Calypso Club
Club de plongée Captain Nemo
Club Européen de plongée à Luxembourg
ass aktuell an der FFESSM affiliéiert
1972 clubcep.eu
Dexia Divers
Fun Divers 2007
Lucius Divers (Amicale des plongeurs du LTML) 2005
Nauti Star SARL - Aquasports
Swimming Club le Dauphin Ettelbruck scde.lu

Affiliatiounen änneren

D' FLASSA ass u verschidde national an international Organisatiounen affiliéiert:

Partnerschaften änneren

D'FLASSA huet eng Partnerschaft mat:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Agreéiert Moniteuren, Gekuckt de(n) 19. Januar 2022.
  2. D'FLASSA huet am Registre de Commerce et des Sociétés d'Nummer F1010
  3. Déi affiliéiert Clibb. Gekuckt de(n) 12. Januar 2022.
  4. Auf der Suche nach einer versunkenen Stadt, Entdeckungsfahr nach Griechenland, Jean-Pierre Friedrich, Revue, Lëtzebuerger Illustréiert, 9. Februar 1963
  5. 40ème anniversaire de la FLASSA 2012, Johny Polfer. Gekuckt de(n) 14. Januar 2022.
  6. Registre de Commerce et des Sociétés, Fédération Luxembourgeoise des Activités et Sports Sub Aquatiques, F1010. Gekuckt de(n) 14. Januar 2022.
  7. Règlement grand-ducal du 20 mai 2021 relatif à la détermination et à l'organisation des formations des cadres techniques et administratifs pour les différentes formes d'activités sportives. Gekuckt de(n) 14. Januar 2022.