Jane Luu
Astronomin
D'Jane X. Luu, gebuer am Joer 1963 am Südvietnam, ass eng vietnameesesch-amerikanesch Astronomin.
Jane Luu | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 1963 |
Nationalitéit | USA, Vietnam |
Educatioun |
Stanford University, Universitéit vu Kalifornien, Massachusetts Institute of Technology |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, International Astronomesch Unioun |
Gielercher | Kavli Prize in Astrophysics, Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie |
![]() |
D'Jane Luu koum als Flüchtling an d'USA. Si huet op der Stanford Universitéit studéiert an do 1984 hiren Ofschloss gemaach.
Si war Professer, huet dunn awer d'Universitéit verlooss an net méi am Beräich vun der Astronomie geschafft. Nodeem si eng gewëssen Zäit op der Universitéit Leiden an Holland war, goung si nees zeréck an Amerika an huet als technesch Mataarbechterin am Lincoln Laboratory vum Massachusetts Institute of Technology (MIT) geschafft.
Zesumme mam David C. Jewitt huet si den éischte Kuiperceintureobjet 1992 QB1 entdeckt. Den Asteroid (5430) Luu ass no hir genannt.
Auszeechnungen
änneren- 1991 Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie
- 2012 Shaw Präis an Astronomie
- 2012 Kavli-Präis fir Astrophysik