De Kavli-Präis ass e Wëssenschaftspräis, deen zanter 2008 all zwee Joer vergi gëtt. De Stëfter vum Präis ass de Fred Kavli.

De Präis ass an dräi Fuerschungsgebidder (Astrophysik, Nanowëssenschaft an Neurowëssenschaft) mat jee enger Millioun US-Dollar dotéiert. Wa méi Präisdréier an enger Kategorie sinn, gëtt gedeelt. D'Präisgeld stellt d'The Kavli Foundation, gegrënnt vum gebiertegen Norweger Fred Kavli. A jonke Joren no Kalifornien, USA, ausgewandert, hat hie säi Verméige mat enger Firma fir Fligersensore verdéngt.[1]

D'Membere vum Präiskommitee benennt déi norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften. De Präis iwwerreecht den norwegesche Kinnek wärend engem Festakt.

Präisdréier änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Konkurrenz für den Nobelpreis, Die Welt, 7. September 2010