Den (15760) 1992 QB1 war den éischten transneptuneschen Objet, deen nom Pluto an dem Charon fonnt gouf.

(15760) 1992 QB1
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Cubewano
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 44,0 A.E.
Exzentrizitéit 0,069
Sideresch Ëmlafzäit ~292 a
Mëttel Bunnvitess 4,49 km/s
Inklinatioun 2,19 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 167 km
Absolut Hellegkeet 7,2
Entdeckung
Entdecker David C. Jewitt,
Jane Luu
Entdeckungsdatum 30. August 1992
Plaz Mauna-Kea


Den Objet gouf den 30. August 1992 vum David C. Jewitt an der Jane Luu um Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii entdeckt. Nach am selwechte Joer gouf hien als Cubewano klassifizéiert, als Objet vun der Kuiperceinture.

D'Entdecker hate fir den Objet den Numm vum Smiley virgeschloen, no der Figur vum George Smiley. Dee war allerdéngs scho fir den Asteroid (1613) Smiley verginn. Den 1992 QB1 krut d'Nummer 15760 a blouf ouni Numm; hie gëtt einfach als "QB1" bezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren