Valkenburg (Limburg)

Haaptuert vun der Gemeng mam selwechten Numm

Valkenburg ass eng Stad an der Gemeng Valkenburg aan de Geul am Südoste vun Holland an der Provënz Limburg mat ronn 11.000 Awunner (2023).

Valkenburg
Gare vu Valkenburg
Land Holland
Provënz Limburg
Koordinaten 50°51'54,83"N, 5°49'55,38"O
Postcode 6300–6301


Klackentuerm zu Valkenburg an der Hallschent vum Cauberg

Geographie änneren

Valkenburg läit am Dall vun der Geul, an um Nordhank vum Cauberg, eng ronn 15 Kilometer ëstlech vu Maastricht.

Op Valkenburg kënnt ee vu Maastricht aus iwwer d'Nationalstrooss N 590, oder iwwer d'Aufaart N° 6 vun der Autobunn A 79 déi vu Maastricht op Heerlen féiert, an do Uschloss un d' A 76 huet.

Mam Zuch kënnt een op Valkenburg iwwer d'Eisebunnsstreck Maastricht - Heerlen. D'Gare vu Valkenburg ass déi eelst Gare an Holland.

Geschicht änneren

Den éischten erhalenen Text, an deem vu Valkenburg riets geet, ass vum 15. Februar 1041, an deem de Kinnek Henri III., dee spéider däitsche Keeser gouf, senger Niess Irmgard, d' Uertschaften Herve, Epen, Vaals, a Valkenburg schenkt.

D' Festung vu Valkenburg déi an der Stad op enger klenger Kopp läit war a munnech Kricher verwéckelt, wéi z. B. 1672, wéi de Louis XIV., a sengem Feldzuch géint Vereenegt Provënzen, d'Stad zerstéiert huet. D'Festung gouf duerno net méi opgebaut. Haut kann een nach just e puer Deeler déi erhale blouwe gesinn, dorënner zwou Paarten, d'Berkelpoort an d'Grendelpoort, an e puer Iwwerreschter vun de Stadmaueren.

Valkenburg haut änneren

Valkenburg dat schonn zanter Enn vum 19. Joerhonnert bei den Hollänner als Touristestad beléift war huet seng touristesch Attraktiounen ëmmer weider ausgebaut, an ass haut eng Héichbuerg vum Tourismus am Limburg. Et gëtt ënner anerem e Casino an Thermalbieder zu Valkenburg.

All Joer fir Chrëschtdag zitt de Chrëschtmaart deen an den ënnerierdesche Mergelcarrièren ofgehale gëtt zechDausende vu Leit un.

Vëlossport änneren

Valkenburg ass am Vëlossport bekannt wéinst der Arrivée vum Amstel Gold Race.

An de Joren 1938, 1948, 1979 et 1998 gouf zu Valkenburg Stroosseweltmeeschterschaft gefuer.

Am Tour de France 1992 an am Tour de France 2006 war Valkenburg Etappestad.

Am Uertsdeel Cauberg deen op der Kopp vum Cauberg läit, an op deen et zimmlech géi erop geet, sinn traditionell d'Arrivée vun de Courssen.

De 15. Mee 2006 gouf op Initiativ vum Sportsreporter Jean Nelissen um Cauberg e Monument fir de Vëlossportler a Resistenzler Jan van Hout ageweit. Bei der Aweiung dobäi waren dem Van Hout seng Wittfra an de Bernard Hinault. De Jan van Hout war e gebierdege Valkebuerger.

Um Spaweck änneren

Commons: Valkenburg, Limburg – Biller, Videoen oder Audiodateien