Ismael Boulliau
Den Ismael Boulliau (oder Boulliaud oder Ismaël Bullialdus, gebuer den 28. September 1605 zu Loudun, Département Vienne a gestuerwen de 25. November 1694 zu Paräis war e franséischen Astronom.
Ismael Boulliau | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
28. September 1605 Loudun |
Gestuerwen |
25. November 1694 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Bibliothecaire, kathoulesche Priister, Physiker |
Member vun | Royal Society |
LiewenÄnneren
Mat 21 Joer hat de Boulliau vum Calvinismus zum Katholizismus konvertéiert a gouf am Alter vu 26 Joer zum Paschtouer geweit. 1632 gouf hie zesumme mat de Bridder Pierre a Jacques Dupuy Bibliothecaire an der Bibliothèque du Roi zu Paräis.
1657 gouf hie Sekretär vum franséische Botschafter an Holland.
De Boulliau war mam Pierre Gassendi, dem Christiaan Huygens, dem Marin Mersenne an dem Blaise Pascal befrënnt. Hien huet d'Usiichte vum Galileo Galilei an dem Nicolaus Copernicus ënnerstëtzt.
De 4. Abrëll 1667 gouf hien op Virschlag vum Henry Oldenburg zum Fellow of the Royal Society gewielt.
De Boulliau hat scho virum Isaac Newton a sengem Wierk Astronomia philolaica (1645) festgehalen, datt d'Gravitatiounskraaft mam Quadrat vun der Distanz ofhëlt.
An de leschte fënnef Joer vu sengem Liewe war hie Paschtouer an der Abtei St. Victor zu Paräis.
De Moundkrater Bullialdus gouf 1935 no him genannt.
WierkerÄnneren
LiteraturÄnneren
- Henk J. M. Nellen: Ismaël Boulliau (1605–1694). Astronome, épistolier, nouvelliste et intermédiaire scientifique. Ses rapports avec les milieux du Libertinage érudit. APA-Holland University Press, Amsterdam u. a. 1994, ISBN 90-302-1034-6 (= Études de l'Institut Pierre Bayle, Band 24; zugleich Dissertation, Universität Nijmegen 1980).
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- (en) Project Boulliau
- (en) Galileo Project: Boulliau