Isaac Blumenstein

(Virugeleet vu(n) Isaak Blumenstein)
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Isaac Blumenstein, gebuer de 26. September 1843 zu Merchingen am Groussherzogtum Baden, gestuerwen den 3. August 1903 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e Rabbiner an Historiker.

Isaac Blumenstein
Gebuer 26. September 1843
Gestuerwen 3. August 1903
De Rabbi Blumenstein bei engem Gottesdéngscht zu Metz am Joer 1870.

Hie war de Bouf vum Handelsmann Joseph Blumenstein a vu senger Fra Adelheid. Hien hat zu Breslau a Schlesien studéiert. No sengem Doktorat, war hien aumônier de guerre am Däitsch-Franséische Krich.[2]

1870 war hie Rabbi vu Mannheim. Duerno, vun 1871 bis zu sengem Doud am Joer 1903 war hie Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.

Wéi hie Groussrabbinner war, hat d'jiddesch Gemeinschaft vu Lëtzebuerg e groussen Zouwuess, ënner anerem d'Famillje Lippmann a Godchaux. Duerch dësen Zouwuess, ass zu Lëtzebuerg e méi grousse Jiddesche Kierfecht gebraucht ginn, deen a Clausen war ze kleng ginn. Sou koum et, datt de Kierfecht Bellevue am Joer 1883 um Lampertsbierg opgemaach gouf. Ënner him goufen och d'Synagogen an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht opgeriicht.[3]

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Arendt, Karl. Dr. Isak Blumenstein. S. 77 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 53
  2. http://www.alemannia-judaica.de/merchingen_synagoge.htm
  3. http://www.genami.org/pays-de-vos-origines/gds_rabbins_lux_fr.php