Dmitri Iwanowitsch Mendelejew

russesche Cheemiker

Den Dmitri Iwanowitsch Mendelejew (ru.: Дмитрий Иванович Менделеев), gebuer de 27. Januarjul./ 8. Februar 1834greg. zu Tobolsk, am Russesche Keeserräich a gestuerwen den 20. Januarjul./ 2. Februar 1907greg. zu Sankt Péitersbuerg, war e russesche Cheemiker.

Dmitri Iwanowitsch Mendelejew
Gebuertsnumm Дмитрій Ивановичъ Менделѣевъ
Gebuer 8. Februar 1834 jul.
Gestuerwen 20. Januar 1907 jul.
Sankt Péitersbuerg
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Educatioun Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg
Aktivitéit Chimist, Physiker, Universitéitsprofesser, Ekonomist
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino
Dem Mendelejew säi (originelle) Periodesystem

Hien ass virun allem bekannt fir seng Aarbechte fir eng Systematik an d'cheemesch Elementer ze bréngen, déi e periodesch Gesetzméissegkeet genannt huet. Dës huet et erméiglecht, d'Elementer an eng Tabelleform ze bréngen, déi haut Periodesystem oder Periodesche System vun den Elementer (PSE) genannt gëtt. Ausserdeem huet dee System d'Existenz vun dräi neien Elementer virausgesot, déi nach net entdeckt waren.

Domat huet de Mendelejew d'Sich no engem Zesummenhang tëscht den Atommassen an de cheemeschen Eegenschafte vun de cheemeschen Elementer, déi zanter engem hallwe Joerhonnert am Gaang war, virleefeg op en Enn bruecht.

Zu sengen Éiere gouf dat 101. Element Mendelevium genannt.

Wierk änneren

  • Dmitri I. Mendelejew: Grundlagen der Chemie, 1868–1871

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dmitri Mendelejew – Biller, Videoen oder Audiodateien