Modest Petrowitsch Mussorgski
De Modest Petrowitsch Mussorgski (ru.: Моде́ст Петро́вич Му́соргский), wëss. Transliteratioun Modest Petrovič Musorgskij), gebuer den 9.jul./ 21. Mäerz 1839greg. zu Karewo, Krees Toropez, Gouvernement Pskow, Russescht Keeserräich a gestuerwen de 16.jul./ 28. Mäerz 1881greg. zu Sankt Péitersbuerg, war e russesche Komponist.
Modest Petrowitsch Mussorgski | |
---|---|
Gebuer |
9. Mäerz 1839 jul. Pskow |
Gestuerwen |
16. Mäerz 1881 jul. Sankt Péitersbuerg |
Doudesursaach | Infektiounskrankheet |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Aktivitéit | Komponist, Pianist, Librettist, Militär |
Hie gouf haaptsächlech duerch seng Operen (z. B. Boris Godunow nom Puschkin sengem Theaterstéck) an de Pianoszyklus Biller vun enger Ausstellung bekannt a gëllt als ee vun den eegestännegste russesche Komponiste vum 19. Joerhonnert.
Hien ass am Alter vun 42 Joer un de Follge vun enger jorelaanger Alkoholofhängegkeet gestuerwen. Vill Wierker, déi en ugefaangen hat, goufen ni fäerdeg.
Literatur
änneren- Wjatscheslaw Karatygin, Ernst Kuhn: Modest Mussorgsky. Zugänge zu Leben und Werk; Würdigungen - Kritiken - Selbstdarstellungen - Erinnerungen - Polemiken. Kuhn, Berlin 1995, ISBN 3-928864-11-4.
- Hans Christoph Worbs: Modest P. Mussorgsky, mit Selbstzeugnissen u. Bilddokumenten. (Rowohlts Bildmonographien 247) Rowohlt, Reinbek 1976, ISBN 3-499-50247-X.
Um Spaweck
ännerenCommons: Modest Mussorgsky – Biller, Videoen oder Audiodateien |