De Mathias Thinnes, gebuer den 30. September 1913 zu Eppelduerf, gestuerwen de 7. November 1997 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer, Schouldirekter an Auteur.

Mathias Thinnes
Gebuer 30. September 1913
Gestuerwen 7. November 1997
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

No sengem Stage am Meedercheslycée vun Esch (1937-1939) koum de Mathias Thinnes den 1. September 1939 als Repetent an den Atheneum a krut do 1941 seng Nominatioun als Professer fir Griichesch, Franséisch a Latäin. Wéinst senger patriotescher Haltung ass de M. Thinnes an d'«Industrie- und Handelsschule» op de Lampertsbierg an duerno, och nach 1941, an d'«Oberschule für Mädchen» op Esch-Uelzecht versat ginn.

Den 30. Mäerz 1942 ass de Mathias Thinnes vun der däitscher Besatzung als Professer ofgesat an an d'Landessippenamt op Koblenz déngschtverflicht ginn. Nom Krich ass hien nees als Professer retabléiert ginn. Am Laf vum Joer 1945 huet de Pierre Frieden hien als Attaché an den Educatiounsministère erageholl, wou hien dann 1949 zum "conseiller de gouvernement" avancéiert ass.[1]

Wärend der wichteger Period vun der Rekonstruktion war den M. Thinnes President vun der Commission des sites et monuments nationaux.

Duerch den "arrêté grand-ducal" vum 22. Mäerz 1951 ass de Mathias Thinnes Direkter vum Iechternacher Kolléisch ginn.[2] Den 1. Abrëll huet hie seng nei Funktioun ugetrueden. Den 1. September 1968 ass hien Direkter vun der Europaschoul vu Karlsruhe ginn. Am September 1971 ass hien an der selwechter Funktioun op Varese gaangen. Den 1. September 1978 ass den M. Thinnes an d'Pensioun gaangen.[3]

De Mathias Thinnes war politesch an der CSV aktiv. Vum 1. Januar 1964 bis den 20. August 1968 war hie Member vum Iechternacher Gemengerot.

De Mathias Thinnes hat sech 1946 mat der Annette Leibfried (*1922) zu Lëtzebuerg bestuet.[4] Si ass de 16. Juni 2012 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.[5]

Publikatiounen änneren

  • Thinnes, M. (1950): La protection des monuments au Grand-Duché de Luxembourg. "De Maasgouw". - 69. Jg. Mei-October 1950, S. 66-74.
  • Thinnes, M. (1955): Le martyrologe du Lycée classique d'Echternach 1940-1945. Chron. Etabl. Enseign. second. norm., 1954-1955, S. 90-92.
  • Thinnes, M. (1958): Nécrologie [Gustave Selm]. Chron. Etabl. Enseign. second. norm., 1957-1958; S. 66-67.
  • Thinnes, M. (1961): Le directeur honoraire Jean Limpach a 75 ans. Chron. Etabl. Ens. second. norm., 1960-1961, S. 107-108.
  • Thinnes, M. (1961): Le professeur Joseph Thomé nous quitte. Chron. Etabl. Ens. second. norm., 1960-1961, S. 108-109.
  • Thinnes, M. (1961): Les Rédemptoristes à Echternach. Die Warte. - Luxembourg. - Année 14(1961), Nr. 36.
  • Thinnes, M. (1964): Isidore Comes 1875-1960. Journal des Professeurs, Nr. 45, 1964, S. 110-112.
  • Thinnes, M. (1964): Jean Limpach 1886-1963. Journal des Professeurs, Nr. 45, 1964, S. 145-148.
  • Thinnes, M. (1964): Le professeur Mathias Reckinger prend sa retraite. Chron. Etabl. Enseign. second. Inst. pédag., 1963-1964, S. 119-120.
  • Thinnes, M. (1965): Hommage au professeur honoraire Bernard Reimen, † 18 décembre 1964. Chron. Etabl. Enseign. second. Inst. pédag., 1964-1965, S. 127-129.
  • Thinnes, M. (1965): Le professeur Robert Ziger prend la retraite. Chron. Etabl. Enseign. second. Inst. pédag., 1964-1965, S. 129-131.
  • Thinnes, M. (1967): À la mémoire du professeur Joseph Thomé, † 20 octobre 1967. Luxemburger Wort. - Jg. 120(1967), Nr. 329/330, S. 4.
  • Thinnes, M. (1968): Lycée classique d'Echternach. Chron. Etabl. Enseign. second. Inst. pédag., 1967-1968, S. 61-97.
  • Thinnes, M. (1968): Le poète de la certitude. Nouvelle revue luxembourgeoise - Academia / éd.: Association luxembourgeoise des universitaires catholiques. - Luxembourg. - 1968, n° 2/3, S. 71-76 (concerne Paul Claudel).
  • Thinnes, M. (1968): Robert Ziger. Journal des professeurs, Nr. 47(1968), S. 337-338.
  • Thinnes, M. (1969): Du gymnase d'antan au lycée de demain: Conférence. Die Warte. - Luxembourg. - Année 22(1969), Nr. 13 ; Nr. 14.
  • Thinnes, M. (1971): Europa-Schule. Vortrag. Le Fédéraliste européen, 1971. - Nr. 2. S. 12-17.
  • Thinnes, M. (1977): Nicolas Margue, 1888-1977. Nouvelle revue luxembourgeoise. Academia. 1977. - Nr. 2/3, S. 9-13.
  • Thinnes, M. (1982): À la mémoire de Michel Delleré, professeur honoraire du Lycée classique Echternach. Luxemburger Wort. - Jg. 135(1982), Nr. 176, S. 4.
  • Thinnes, M. (1983): Hommage au Dr Jean Kraft (décédé 18.12.1982). Luxemburger Wort. - Jg. 136(1983), Nr. 22, S. 5.
  • Thinnes, M. (1983): Un homme, une vie, une oeuvre: À la mémoire d'Albert Goedert. Die Warte. - Luxembourg. - Année 36(1983), Nr. 15, S. 2.
  • Thinnes, M. (1983): Wilhelm Leider, ein Erpeldinger im Dienst des Papsttums. In: 100e anniversaire de la Société de chant et de musique Concordia Erpeldange. - Erpeldange, 1984, S. 165-170.
  • Thinnes, M. (1989): En 1939, l'année du Centenaire. Luxemburger Wort. - Jg. 142(1989), Nr. 89 (18. April), S. 10-11 (och publizéiert an: 150 Joer onofhängeg: 25 Joer Grand-Duc Jean, Chef vun eisem Land: S. 71-83).
  • Thinnes, M. (1992): Souvenirs et réflexions, 1951-1968. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 205-217.
  • Thinnes, M. (1994): Le Père Joseph Pletschette (1908-1974). Hémecht. - Luxembourg. - Jg. 46(1994), H. 1, S. 311-316.
  • Thinnes, M. (1995): De la pédagogie à la politique. In: Présence de Pierre Frieden. - Luxembourg, 1995, S. 70-82.

Literatur änneren

  • Anonyme (1998): Personnagen: Mathias Thinnes. Lëtzebuerger Journal 1998, Nr. 212 (7./8. Nov.), S. 21.
  • Bauer, F. (1997): Un hommage à un grand seigneur de l'enseignement luxembourgeois: Mathias Thinnes, directeur honoraire du Lycée classique d'Echternach, ancien directeur des Écoles européennes de Karlsruhe et de Varese, vient de nous quitter. Luxemburger Wort 1997, Nr. 280 (5. Dezember), S. 9.
  • Spang, P. (1997): Mathias Thinnes, 30. September 1913 - 7. November 1997. In: Epternacum. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Luxembourg, S. 66-68. (Cahiers luxembourgeois; 1997, n° spécial).
  • Wilhelm, F. (1993): Pour les 80 ans Mathias Thinnes, directeur honoraire du lycée classique d'Echternach. Die Warte 1993, 46. Jg. 26/1672 30. September., S. 3.
  • Wilhelm, F. (1998): À la mémoire de Mathias Thinnes. Journal de l'APESS, No 29 (mai 1998), S. 3-5.
  • Wilhelm, F. (1998): Il y a un an Mathias Thinnes nous quittait. Die Warte, 51. Jg., 32/1863 (12. Nov.): 4.
  • Wilhelm, F. (1999): Mathias Thinnes (1913-1997), epternacien d'adoption. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, Echternach, Ville d'Echternach, S. 293-296.

Referenzen änneren

  1. Par arrêté grand-ducal du 16 novembre 1949, M. Mathias Thinnes, professeur-attaché au Ministère de l'Education Nationale, a été nommé Conseiller de Gouvernement. Memorial 1949, S. 1099. [1] Vum 1. Dezember 1949 un huet den M. Thinnes dann an där neier Funktioun geschafft (cf. Bauer 1997).
  2. Memorial 1951, S. 541 Gearchiveerd op 2011-09-15. Gekuckt de(n) 2010-05-18.
  3. Wilhelm 1999, S. 293, 294.
  4. J. Mersch: La famille Thorn. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, vol. 9, fasc. 17, Luxembourg 1969, S. 162f. [2]
  5. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 20. Juni 2012, S. 60.