Ben-Ahin
Ben-Ahin ass eng vun den ale belsche Gemengen an der Provënz Léck.
Ben-Ahin | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Huy |
Gemeng | Huy |
Fläch | 2.421 |
Koordinaten |
50° 30’ 03’’ N 06° 11’ 02’’ O |
Telefonszon | 085 |
Postcode | 4500 |
Zanter der belscher Gemengereform vun 1977 ass Ben Ahin eng Sektioun vun der Gemeng Huy.
D'Gemeng krut den Numm duerch zwou Uertschaften déi an der Gemeng louchen: Ben an Ahin.
Am Ganzen huet Ben-Ahin aus 5 Dierfer bestanen:
Ahin a Ben an eng grouss Parti vu Gives déi allen dräi am Dall laanscht d'Meuse leien, tëscht Huy an Andenne.
Saint-Léonard a Solières, zwee Bauerendierfer déi op den Héichte leien.
Ben-Ahin läit um rietsen Uwänner vun der Meuse a südwestlech vu Huy.
Duerch Ben-Ahin leeft de Ruisseau de Soliéres.
D'Gemeng ass un de Verkéier ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N 90 déi vun Namur op Léck geet, an d'Nationalstrooss N 698 déi vu Huy op Ohey geet.
Nopeschuertschaften
ännerenSur-les-Trixes | Bas-Oha a Wanze | Huy |
Gives | Saint-Léonard | |
Bohissaut | Perwez | Marchin |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ben-Ahin – Biller, Videoen oder Audiodateien |