Herbert Scherer

lëtzebuergesche Museker

Den Herbert Scherer, gebuer de 25. Mee 1916 zu Karlsruhe, an de 15. Juni 2010 zu Ettelbréck gestuerwen[Source?], war e lëtzebuergesche Pianist.

Herbert Scherer
Gebuer 25. Mee 1916
Gestuerwen 15. Juni 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pianist

Dem Herbert Scherer säi Papp huet vu Karlsruhe gestaamt a seng Mamm vu Feelen am Eislek. Seng Eltere si virum Éischte Weltkrich zu Paräis bestuet ginn an hunn do gelieft, goufen awer bei Krichsausbroch gezwongen, op Karlsruhe bei dem Papp seng Elteren ze zéien, wou den Herbert Scherer gebuer gouf. Seng zwéin eeler Bridder, vun deenen ee Chef-Lektor bei dem bekannten däitschen Herder-Verlag gouf an deen aneren Dokter, goufen zu Paräis gebuer.

Nom Éischte Weltkrich koum d'Famill op Dikrech, wou den Herbert Scherer an d'Primärschoul an an de Lycée gaangen ass, a vu wou aus, hien an dee jéngste vu senge Bridder an de Stater Conservatoire gefuer sinn, éier d'Famill op de Lampertsbierg geplënnert ass vu wou aus déi béid an de Stater Kolléisch gaange sinn.

Den Herbert Scherer war Piano-Schüler bei der Mme Kühn-Fontenelle an ee vun den talentéierteste Schüler aus dem Conservatoire an den 1930er Joren. Hien huet all seng Exame mat grousser Auszeechnong bestanen. 1937 huet hie fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit optéiert a goung op de Bréisseler Conservatoire, wou hien ënner anerem mat dem berüümte Geiist Arthur Grumiaux Kammermusek gespillt huet. Säin Ofschloss als "Konzertpianist" huet hien awer op der Hochschule für Musik zu Köln gemaach beim Professer Hermann Pillney, dee selwer beim Lazzaro Uzielli geléiert hat, deen nach Schüler vun der Clara Schumann war. Duerno konnt den Herbert Scherer sech vun der berüümter Pianistin Elly Ney weiderbilde loossen.

Obwuel Professer am Stater Conservatoire, huet hie säi Liewe laang seng Carrière als Solist weidergefouert. Mam RTL-Orchester ënner dem Dirigent Henri Pensis huet hie Pianosconcertoe vum Bach, Haydn, Mozart, Beethoven (dee 4.) an déi zwéi Concertoe vum Ravel gespillt, déi iwwer de Laangwellesender vu Radio Lëtzebuerg iwwerdroe goufen. Memorabel ass och e Concert zu Munneref, wou si den 1. Pianosconcerto vum Tschaikowski engem internationale Public presentéiert hunn, dee se och fir de Radio gespillt hunn.

Wéi se de Pianos-Concerto vum Schumann an deen 1. vum Liszt schonn astudéiert haten, ass den Dirigent Henri Pensis onerwaart gestuerwen.

Den Herbert Scherer huet mat Recitallen a lëtzebuergeschen an auslännesche Radioen op sech opmierksam gemaach a scho virum Zweete Weltkrich exzellent Kriticke kritt. Hie war och Pianist vum Quatuor à Clavier de Luxembourg wou hie mam Jules Krüger, Jean Join a René Eiffes gespillt huet. Dëse Quartett hat och am Ausland grousse Succès.

Am Joer 1959 huet den Herbert Scherer mat sengem fréiere Schüler Carlo Gruber de Piano-Duo Scherer-Gruber gegrënnt. De Carlo Gruber hat schonn als Privatschüler vum Herbert Scherer un de Concourse vu Genf (als 6. klasséiert) a München (als 18. aus allen Instrumentalconcoursen) deelgeholl. Hie war diploméiert vun der Musikhochschule Detmold, wou hien ënner dem bedeitende Pianist Conrad Hansen studéiert hat.

Séier sinn déi Zwéin international bekannt an appreciéiert ginn, mat méi wéi 140 Wierker, déi si an ëffentleche Concerten zu Roum, Amsterdam (Concertgebouw), Köln, Bayreuth, Solothurn, Hasselt, Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg opgefouert hunn, a grousst Luef vun der internationaler Press kritt hunn. Dobäi koumen Opname bei France Musique, France Culture, RTB3, ORF Wien, Radio Beromünster, Radio Suisse Romande, Radio Svizzera Italiana, WDR, SR, HR an RTL.

Mam RTL-Orchester ënner dem Louis de Froment a Pierre Cao hu si 11 Concertoe fir zwéi Pianoen an Orchester opgeholl, dorënner 8 Kompositiounen aus hirer Zäit, déi och iwwer de Laangwellen-Sender vu Radio Lëtzebuerg iwwerdroe si ginn. De Concerto fir zwee Pianoen an Orchester vum Bohuslav Martinu ass och vu Radio Prag diffuséiert ginn.

Den Herbert Scherer huet ëmmer och modern Musek gespillt, a säi Repertoire sou wéi deen vu sengem Duo liest sech wéi e Vademekum vun de Komponisten aus dem 18. bis 20. Joerhonnert. Hien huet schonn deemools Komponiste bekannt gemaach, déi elo eréischt richteg unerkannt ginn. Dofir hat och de musikaleschen Direkter vu Radio France den Herbert Scherer gefrot, fir e schwieregt Wierk vum Spitzmueller mat sengem Duo opzehuelen. Dës Opnam ass dunn vu France Culture iwwerdroe ginn.

Nodeem hie wéinst senge schlechten Aen huet misse seng Pensioun huelen an nodeem säi Partner Carlo Gruber leider fréizäiteg verstuerwe war, huet den Herbert Scherer nach weider Opname bei RTL gemaach, a wärend 12 Joer Rezitalen a senger Wunneng gespillt, mat méi wéi 80 klassesche Wierker.

Hien hat och schonn 1958 en didaktescht Buch genannt Piano-Studium an dräi Sprooche verfaasst, dat vun de gréissten deemolege Pianisten a Pedagogen, wéi Alfred Cortot, Eduardo del Pueyo, Lazare Lévy a Vlado Perlemuter recommandéiert gouf an an der Belsch als offiziellt Léierbuch zougelooss war.

Donieft huet hie Reportagen iwwer de Festival vu Bayreuth geschriwwen an och Revisoune vu klassesche Piano-Partiture fir de franséische Verlag Eschig gemaach.

Déi lescht 15 Joer vu sengem Liewen huet den Herbert Scherer an engem Blannen-Heem verbruecht.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu