Henrietta Swan Leavitt

US-amerikanesch Astronomin

D'Henrietta Swan Leavitt, gebuer de 4. Juli 1868 zu Lancaster am Massachusetts, a gestuerwen den 12. Dezember 1921, war eng US-amerikanesch Astronomin.

Henrietta Swan Leavitt
Gebuer 4. Juli 1868
Gestuerwen 12. Dezember 1921
Cambridge
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Radcliffe College,
Harvard Universitéit,
Oberlin College
Aktivitéit Astronom
Member vun Phi Beta Kappa, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science

Schonn am College huet si sech fir d'Astronomie intresséiert. Duerch eng Krankheet gouf si bal ganz daf. Trotzdeem krut si am Joer 1885 um Harvard College Observatoire eng éierenamtlech Plaz a siwe Joer méi spéit krut si eng fest Ustellung ugebueden (fir 30 Cent pro Stonn). D'Leavitt huet verännerlech Stären observéiert a katalogiséiert. Am Joer 1904 konnt si eleng 172 verännerlech Stären an der Grousser an 59 an der Klenger Magellanescher Wollek entdecken. E Joer drop huet si 843 nei verännerlech Stären an der klenger Magellanescher Wollek fonnt. 1912 entdeckt d'Leavitt d'Periodeliichtkraaftbezéiung bei den Cepheiden.

Doduerch konnt den Ejnar Hertzsprung 1913 d'Distanz vun e puer Cepheiden an der Mëllechstrooss bestëmmen. Wéi den Edwin Hubble am Joer 1920 Cepheiden an anere Galaxië wéi an der Andromeda-Galaxis entdeckt huet, konnten eng éischt Kéier Distanzen tëscht verschiddene Galaxië bestëmmt ginn. Virun dësen Entdeckunge konnt een nëmme mat Distanze bis zu 100 Liichtjoer rechnen, duerno huet d'Berechnung vun Distanze bis zu 10 Millioune Liichtjoer kee Problem méi duergestallt.

An all deenen Observatiounsjore vum Stärenhimmel konnt d'Leavitt véier Novae gesinn an huet iwwer 2.400 nei verännerlech Stären entdeckt. Ausserdeem huet si eng nei fotografesch Moosstechnik entwéckelt, déi 1913 international Unerkennung fonnt huet an ënner dem Numm „Harvard-Standard“ bekannt ass.

D'Henrietta Swan Leavitt gëllt als Pionéierin vun der Wëssenschaft an dat net nëmmen, well si eng vun de wéinegen an éischte Fraen an héije Wëssenschafte war. Si war och Member an diverse Verbindunge wéi Phi Beta Kappa, der American Association of University Women, der American Astronomical and Astrophysical Society, der American Association for the Advancement of Science an Éieremember vun der American Association of Variable Star Observers.

1921 ass d'Henrietta Swan Leavitt u Kriibs gestuerwen. Hir zu Éieren droen den Asteroid 5383, deen 1973 entdeckt gouf, an e Krater um Äerdmound hiren Numm.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Henrietta Swan Leavitt – Biller, Videoen oder Audiodateien