Henri Tudor
Den Henri Owen Tudor, gebuer den 30. September 1859 um Diesbuergerhaff (Diesburger Hof) bei Ferschweiler an der Äifel, a gestuerwen den 31. Mee 1928 zu Rouspert, war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator.
Henri Tudor | |
---|---|
Gebuer |
30. September 1859 Ferschweiler |
Gestuerwen |
31. Mee 1928 Rouspert |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Erfinder, Ingenieur |
Säi Liewen
ännerenDen Henri Tudor, Jong vum John Thomas Tudor an der Marie Loser, huet säi Lycée zu Chimay gemaach, an duerno, vun 1879 bis 1883 zu Bréissel op der "Ecole polytechnique" vun der ULB, Section génie civil, fir Ingenieur studéiert. Wärend sengem Studium huet hie sech scho fir Elektrik intresséiert, besonnesch fir alles wat mat elektrescher Beliichtung a Stroumproduktioun ze dinn hat, an huet um Gebitt vun elektreschen Akkumulatore gefuerscht. 1882, wéi hien nach Student war, ass et him gelongen déi éischt Gläichstroumanlag opzeriichten. D'Akkumulatoren déi en entwéckelt hat an déi hir Energie vun engem Dynamo hierkruten dee vun der Rousperter Waassermille gedriwwe gouf, hu 16 Joer laang an engem Stéck funktionéiert. D'Tudors-Schlass war eent vun den éischten Haiser an Europa dat ronderëm d'Auer elektrescht Liicht hat. 1886 huet den Tudor seng Erfindung zu Lëtzebuerg an 1887 a Frankräich patentéiere gelooss.
1884 hunn d'Bridder Tudor en elektresche Motor un eng Dreschmaschinn gekupppelt. Déi elektresch Dreschmaschinn ass am selwechte Joer op der Akerbauausstellung zu Dikrech ausgestallt ginn.
1886 huet den Henri Tudor zu Iechternach eng Zentral gebaut fir Stroum fir déi privat an ëffentlech Beliichtung ze liwweren. Déi entspriechend Konventioun hunn den H.O. Tudor an den Iechternacher Schäfferot den 30. Abrëll 1886 ënnerschriwwen.[1] Zu Rouspert huet hien, zesumme mat sengem Koseng, eng Fabréck fir d'Akkumulatoren ze produzéiere gebaut. No Iechternach si Commanden aus anere Stied nokomm.
Den Adolph Müller huet 1885 den Henri Tudor zu Rouspert besicht, an duerno an Däitschland d'Accumulatoren-Fabrik Tudor'schen Systems Büsche und Müller gegrënnt. Där Firma huet den Henri Tudor all d'Rechter fir d'Fabrikatioun an de Verkaf vun Tudor-Akkumulatoren an Zentral-, Ost- an Nordeuropa iwwerlooss. Den Henri Tudor huet selwer d'Fabrick vun Hagen a Westfalen opgestart. D'Geschäft huet gebléit, an aus där Fabrick ass dee grousse Konzern Accumulatoren-Fabrik Aktiengesellschaft (AFA), déi spéider Varta AG, erviirgaangen.
Fir d'westeuroäesch Mäert huet den Henri Tudor 1891 zu Lille a Frankräich, an 1896 zu Dukinfield bei Manchester an England, Fabricke gegrënnt.
D'Fabréck zu Rouspert ass geschwënn net méi nokomm, obschonn zäitweileg 30 Aarbechter do beschäftegt waren; och héich Onkäschten (Douanes-Taxen um Import vum Bläi an um Export vun de Maschinnen) hunn d'Affären erschwéiert. Dofir huet 1901 d'Fabrick zu Florival am Wallounesche Brabant d'Fabrikatioun an de Verkaf vun Akkumulatore fir d'Belsch iwwerholl [2].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Société anonyme des accumulateurs Tudor.
1890 ware méi wéi 1200 Tudor-Batterien uechter d'Welt am Asaz. Zäitweileg hu 25.000 Leit un der Produktioun vu senge Produkter geschafft.
1905 huet den Henri Tudor mat sengem Frënd Maurice Braun den Energy-Car (Energiewon) entwéckelt, et war eng Kar mat thermeschem Motor, Dynamo an enger Batterie vun Akkumulatoren, also keen Automobil; déi éischt Energiewee sinn zu Rouspert zesummegebaut ginn.
1928 ass den Henri Tudor un de Suitte vun enger Bläivergëftung gestuerwen.
Hien hat 1891 d'Madeleine Pescatore (1864-1941) bestuet. Si haten dräi Kanner, d'Anne (1892-1968), d'Marie-Antoinette (1895-1966)[3] an de John (1899-1953).[4]
Hie war de jéngere Brudder vum Hubert Tudor a vum Robert Tudor.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[5]
Nom Henri Tudor benannt
änneren- eng Strooss rue Henri Tudor: zu Rouspert (PLZ 6582), an der Stad Lëtzebuerg (PLZ 2635), zu Bieles (PLZ 4489), zu Esch-Uelzecht (PLZ 4335), zu Mënsbech (PLZ 5366)
- eng Strooss rue Tudor zu Iechternach[6] (PLZ 6465)
- de Musée Tudor an der selwechter Strooss zu Rouspert op Nummer 9
- de Centre de recherche public Henri-Tudor
- d'Zone d'activités économiques Henri Tudor (ZAE Henri Tudor) zu Iechternach (Vote vum Iechternacher Gemengerot vum 21. September 2015)
Literatur
änneren- Haag, Emil, 2011. Henri Tudor *1859 †1928, le premier grand scientifique luxembourgeois, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 312-321.
- Hoffmann, Emile (1959): Henri Owen Tudor, ingénieur, 1858-1928. Commémoration du centième anniversaire de sa naissance. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des Sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 26: 59-80.
- Steinmetz, Aloyse (1981): Die Tudors in Rosport. Dokumentation über das Leben und die Verdienste der Gebrüder Tudor für ihre Heimatortschaft Rosport. Hrsg. von Lehrer Al. Steinmetz, gelegentlich des 100. Jahrestages des ersten Bleiakkumulators, der von Henri Owen Tudor gebaut wurde und in der alten Mühle des früheren Irminenhofes funktionierte <1881>. Luxembourg, Rapid Press, 68, (4) p.
- Steinmetz, Aloyse (1995): Henri Owen Tudor konstruierte in Rosport einen elektrischen Bleiakkumulator, der weltweites Aufsehen erregte. Gester an Hätt, 8 (16): 3-11.
- Steinmetz, Aloyse (1996): Henri Owen Tudor, Pionier auf dem Gebiet der Elektrizität. Heimatkalender 1997 Landkreis Bitburg-Prüm: 26-31.
- Steinmetz, Aloyse (1998): Henri Owen Tudor, ein bedeutender Pionier unseres Landes. in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 19 (2-3): 401-422.
- Schmid, Wolfgang (2009): Die Brüder Tudor in Rosport. Erfinder, Unternehmer, Jäger und Wanderer. Eifeljahrbuch 2009: 60-64.
- Werner, Henri & Reiter, Ernest (2009): Henri Owen Tudor. L'impact d'une idée. Les Amis du Musée Henri Tudor, Éditions St. Paul Luxembourg, 271 S. ISBN 978-99959-629-0-6
Um Spaweck
ännerenCommons: Henri Tudor – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Massard, Jos. A. (1997): 1886-1996: Hundertzehn Jahre elektrisches Licht in Echternach. Ein Beitrag zur Geschichte der öffentlichen und privaten Beleuchtung im 19. und frühen 20. Jahrhundert in Luxemburg mit Blick ins deutsche Grenzgebiet. Annuaire de la Ville d'Echternach 1996: 101-144.
130 Joer elektrescht Liicht zu Eechternoach. Vum Holzspoun bis bei den Tudor. Historesche Réckbléck vum Prof. Jos. A. Massard. — 130 Jahre elektrisches Licht in Echternach. Vom Kienspan bis zu Henri Tudor. Historischer Rückblick von Prof. Jos. A. Massard. Echternach, 24. Oktober 2016. Erweiterte Version. - ↑ Henri Werner an Ernest Reiter, Henri Owen Tudor. L'impact d'une idée, Les Amis du Musée Henri Tudor asbl, Rouspert 2009 (ISBN 978-99959-629-0-6), S. 123-162.
- ↑ Luxroots.
- ↑ Antoine Wehenkel, Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002, pp. 182-183
- ↑ Memorial N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ An der Gemengerotssitzung vum 28.3.1985; fréier "rue Monsanto". Cf. Massard 1997: 140.