D'Villa Tudor (och: Tudor-Schlass oder Neit Schlass) ass eng Villa zu Rouspert, déi 1892 fir den Henri Tudor als Wunnhaus gebaut gouf. Haut sinn do d'Märei vun der Gemeng Rouspert-Mompech an de Musée Tudor dran amenagéiert.

Villa Tudor
Plaz Rouspert
Koordinaten 49° 48’ 16’’ N
      06° 30’ 03’’ O

D'Gebai ass zanter dem 13. November 2009 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

D'Haus gouf 1892 vum Ingenieur, Erfinder an IndustriellenHenri Tudor baue gelooss, am Gaart vum Irminenhaff vun der Famill Loser, vu wou seng Mamm hier war.[2] Hien huet do, bis zu sengem Doud 1928, mat senger Fra Marie-Madeleine a sengen dräi Kanner Anne, Marie-Antoinette an John gewunnt. Den John huet d'Villa g'ierft. An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, 1940-44, gouf se vum Okkupant konfiskéiert, deen dodran en Aarbechtslager fir Meedercher ageriicht huet. Dono hu fir kuerz Zäit Famillen dra gewunn, deenen hir Haier am Krich zerstéiert gi wsren.

1952 huet d'Famill Steinmetzer-Jacoby, déi schonn zanter 1945 Proprietär vum Irminenhaff war, d'Villa kaaft an dodran en Hotel ageriicht. Deen huet awe no kuerzer Zäit nees zougemaach. 1964-1968 huet et der Monsanto gehéiert, déi dodran hir Gäscht ënnerbruecht huet. Eng nei Proprietärin huet dunn hiert Gléck mat nees engem Hotelsbetrib probéiert, mä 2 Joer drop war domat och nees Schluss.

1970 huet d'Gemeng Rouspert d'Gebai kaaft an 1971 hir Märei dran installéiert. Zanter 2018 ass et d'Märei vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech.

2007 waren d'Renovéierungsaarbechte vum Gebai fäerdeg, an an ee Fligel dervu koum de Musée Tudor.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Anne-Aymone Schmitz: "Rathaus-Geschichten: Rosport-Mompach." wort.lu [w+], 03.05.2021.